Zammermann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Zammermann an der Méizuel Zammerleit, och nach Scharpantgen genannt, ass en Handwierker deen haaptsächlech am Holz schafft, a beim Hausbau sech haaptsächlech ëm d'Konstruktioun vum Gespär këmmert.

Doduerch datt beim Bau vu Gespärer hautdesdaags och anert Material, wéi z. B. Stol an Aluminium eng Roll spillen, sinn d'Schlässer, besonnesch bei moderne Konstruktiounen no an no an deem Beräich méi gefrot.

Am Haus selwer kann den Zammermann sech nieft dem Schräiner ëm d'Konstruktioun vun den Trapen an den hëlze Plaffonge bekëmmeren.

Zammerleit hu fréier eng grouss Roll am Schëffsbau gespillt. Si hunn d'Schëffer gebaut, an op all groussem Schëff war ëmmer en Zammermeeschter, deen zoustänneg war fir all d'hëlze Konstruktiounen z'iwwerwaachen an an der Rei ze halen. Bei den Eisebunnsgesellschafte ware se zoustänneg fir hëlze Brécken ze bauen, an de Minièrë responsabel fir d'Afstäipe vun de Galerien, a bei den Arméien hu se Krichsmaschinne gebaut, wéi z. B. grouss Ugrëffstierm op Rieder, a Katapulten.

Hautdesdaags sinn Zammerleit am Bau, ausser der Konstruktioun vum Gepär, gefrot fir ganz Haiser am Holz ze bauen, an op Schantercher wou grouss Konstruktiounen am Eisebëtong gemaach ginn, si se zoustänneg fir d'Verschalungen.

Bekannten Zammerleit[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zammerleit – Biller, Videoen oder Audiodateien