Irmina vun Oeren

Vu Wikipedia
Irmina vun Oeren
Gebuer 7. Joerhonnert
Tréier
Gestuerwen 716
Wissembourg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Nonn
Famill
Kanner Plektrud, Bertrada déi Eeler


D'Irmina vun Oeren, och Irmina vun Tréier († 704/710) war d'Fra vum Hugobert, dee warscheinlech den Titel vun engem Seneschall a Palzgrof gedroen huet. Hir Eltere sinn net bekannt; zanter dem 11. Joerhonnert gëtt et awer eng Legend, datt si d'Duechter vum Merowengerkinnek Dagobert II. gewiescht wier. Et gëllt just als sécher, datt se zu enger vun de mächtege Famille vun Austrien gehéiert huet, déi enk mat de Karolenger verbonne war, an datt si eng vun de Virfahre vum Karel de Groussen ass.

Si war d'Mamm vun:

D'Irmina vun Oeren war nom Doud vum Hugobert d'Matgrënnerin vum Klouschter Iechternach. 697/698 huet si, zesumme mam Basin, dem Bëschof vun Tréier, an deem sengem Neveu Liutwin eng Schenkung gemaach, déi se dem Willibrord uvertraut huet. De Willibrord huet do säi Missiounsstützpunkt Iechternach gegrënnt vun deem aus d'Äifel, d'Vogesen an Deeler vun der ëstlecher Belsch an Holland christianiséiert goufen.

Si war déi zweet Äbtissin vum Klouschter St. Maria zu Oeren bei Tréier, dat 650 gegrënnt gi war, a méi spéit a St. Irmina ëmbenannt gouf. Dacks gëtt gesot, si wier och d'Grënnerin vun deem Klouschter.

D'Irmina ass tëscht 704 a 710, warscheinlech Enn 705 oder ufanks 706, gestuerwen. Op der anerer Säit soll se de 24. Dezember 708 zu Wissembourg am Elsass begruewe gi sinn, wou nach am 15. Joerhonnert de Corpus integrum sce. Yrmene virginis, filie Dagoberti regis zu de Reliquie gezielt gouf.

Stroossen a Plaze mat hirem Numm[änneren | Quelltext änneren]

Zu Éiere vun der Irmina vun Oeren kruten e puer Stroossen a Plazen zu Lëtzebuerg an am noen Däitschland hiren Numm:

Zu Lëtzebuerg:

An Däitschland

  • Zu Kasel: Sankt-Irminen-Straße
  • Zu Ralingen: Sankt-Irminen-Straße
  • Zu Kersch: Sankt-Irminen-Straße
  • Zu Konz: Irminenstraße
  • Zu Schoden: Irminenstraße
  • Zu Tréier: Am Irminenwingert an den Irminenfreihof

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Matthias Werner: Adelsfamilien im Umkreis der frühen Karolinger. Die Verwandtschaft Irminas von Oeren und Adelas von Pfalzel., Jan Thorbecke Verlag der Schwabenverlag AG, 1982, erausgi vum "Konstanzer Arbeitskreis für mittelalterliche Geschichte".

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Irmina vun Oeren – Biller, Videoen oder Audiodateien