Bertrada déi Eeler

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Bertradabuerg zu Mierlebaach, déi wahrscheinlech no der Bertrada der Eelerer genannt ass.

D'Bertrada déi Eeler, oder Bertrada vu Prüm. Si ass gebuer ëm 670, a gestuerwen no 721) soll d'Duechter vum (Palzgrof) Hugobert an der Irmina vun Oeren gewiescht ginn. Aneren Hypothesen no, wier se d'Duechter vum Theuderich III., Kinnek vun Neustrien an Austrasien, an der and Clothild vun Heristal). Den Numm vun hirem Mann ass net geséchert iwwerliwwert, mä si ass d'Mamm vum Heribert vu Laon, mat deem se zesummen, si als Stëfterin, hien als Matstëfter 721 d'Abtei Prüm gegrënnt huet.

Hir Enkelin, dem Heribert seng Duechter Bertrada déi Jénger, war d'Fra vum Pippin dem Jéngeren, dem fränkeschen Hausmeier a spéidere Kinnek, an domat ass d'Bertrada déi Eeler d'Urgroussbomi vum Karel dem Groussen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]