Pippin de Mëttelsten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pippin de Mëttelsten, Pippin den Décken oder Pippin vun Herstal lat. Pippinus, gebuer am Palais zu Chèvremont [1] ëm 635 a gestuerwen de 16. Dezember 714 zu Jupille bei Léck, aus der Famill vun den Arnulfinger, war vu 679 bis 714 deejéinegen, deen d'Muecht am Frankeräich hat: zanter 679 Hausmeier vun Austrasien, zanter 680 als dux (Herzog) vun Austrasien, vun 688/689 un als Hausmeier vun Neustrien (principale regimine majorum domus) an zanter 688 Hausmeier vun der Bourgogne. Hie war de Jong vum Ansegisel an der Begga an e Kandskand vum Arnulf vu Metz.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem dem Pippin dem Mëttelsen säi Monnonk Grimoald den Eeleren 656/657 gestierzt an higeriicht gi war, huet et ausgesinn, wéi wann d'Dynastie vum Pippin dem Eeleren um Ausstierwe wier. An den 670er Jore war just nach deem seng Duechter Begga an hire Jong Pippin de Mëttelsen um Liewen. De Pippin de Mëttelse war, vu dengem Papp senger Säit, en Enkel vum Arnulf vu Metz. Zesumme mat senger Mamm konnten se dé pippinidesch an arnulfingesch Besëtzungen doruechter behaapten. Dem Pippin säi Bestietnes mat der Plektrud, der Duechter vum Palzgrof Hugobert an der Irmina vun Oeren, déi zu austreschen Adelsfamille gehéiert hunn, ëm 670/675 huet dobäi eng wichteg Roll gespillt.

Nom Doud vum Merowingerkinnek Childerich II. an deem sengen Hausmeier Wulfoald huet de Pippin sech mat austrasesche Grofen zesummegedunn fir géint de mächtegen Neustrier Ebroin ze krichen. De Pippin huet zwar d'Schluecht verluer, mä deen neien neustreschen Hausmeier Waratto huet 680, nom Ebroin sengem Doud, dem Pippin seng Mucht an Austrasien unerkannt. An der Schluecht bei Tertry (687) huet de Pippin géint dem Waratto säin Eedem an Nofolger Berchar gewonnen a krut doduerch d'Herrschaft iwwer d'Gesamträich.

De Pippin huet doduerch seng Muecht geséchert, datt en net nëmmen déi merowingesch Kinneken um Troun gelooss huet, mä och de Berchar bis zu sengem Doud a sengem Amt als neustreschen Hausmeier gelooss huet. Duerno huet e säi Jong Drogo mat deem senger Witfra bestuet huet, sou datt dësen d'Amt iwwerholl huet. Säin anere Jong, de Grimoald de Jéngeren gouf och Hausmeier, an zwar an Neustiren, sou datt elo déi zwee Hausmeier-Ämter an der Hand vu senger Famill waren. 690/695 huet de Pippin Friesland eruewert, wat d'Viraussetzung fir Christianiséierung vun de Friesen duerch den angelsächsesche Mönch Willibrord war.

Nach éier de Pippin 714 gestuerwe war, gouf et Buttik ëm seng Nofolleg: Dem Plektrud seng 2 Jongen Grimoald de Jéngeren an den Drogo ware schonn dout, a sou huet se probéiert, hir Enkelen duerchzesetzen. Mä de Pippin hat mat senger Konkubin Chalpaida zwee aner Kanner, de Childebrand an de Karl (spéider Martell geanannt), déi sech geschwënn duerno duerchsetze konnten.

De Pippin gouf zu Chèvremont begruewen.

Fraen[änneren | Quelltext änneren]

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Quell[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Charles Rahlenbeck, Les Pays d'Outre-Meuse Säit 13.