Begga

Vu Wikipedia
Statu vu 1777, vun der helleger Begga iwwer der Agankspaart vum Beginen-Haff zu Lier

D'Begga oder Begge vun Heristal (Herstal) resp. vu Landen resp. vun Andenne resp. vu Brabant resp. vu Metz resp. vun Austrasien, och Helleg Begga, gebuer ëm 615 / 620 a gestuerwen de 17. Dezember 692, 693 oder 695 war d'Duechter vum fränkeschen Hausmeier Pippin den Eeleren an der Itta oder Iduberga vun Nivelles. Si war d'Bomi vum Karl Martell, dem Grousspapp vum Karel dem Groussen.

Si huet den Ansegisel vu Metz-Austrasien bestuet, dem Bëschof Arnulf vu Metz säi Jong, aus der Famill vun den Arnulfinger, an huet domat d'Allianz tëscht deenen zwou Famillen nach verstäerkt. Hiert eenzegt Kand war de spéideren Hausmeier Pippin de Mëttelsten, deen d'Muecht an de Besëtz vun den Arnulfinger an de Pippiniden vereene konnt.

D'Begga huet 690-691, also kuerz virun hirem Doud, nodeem s'op Roum gepilgert war, d'Klouschter vun Andenne, tëscht Namouer a Léck gegrënnt. Si gouf och do begruewen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]