Lëscht vun de klasséierte Monumenter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Dës Lëscht vun de klasséierte Monumenter ass en Deel vun de Referenztabellen.


D'Lëscht vun de klasséierte Monumenter baséiert op engem éischte Gesetz vum 12. August 1927, op Franséisch Loi du 12 août 1927, concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux. an op Däitsch Gesetz vom 12. August 1927, über die Erhaltung und den Schutz der nationalen Landschaften und Denkmäler, a publizéiert am Mémorial N° 48 den 31. August 1927.

Den Artikel 2. vun deem Gesetz seet datt eng Lëscht vun den Immeuble soll opgestallt ginn, déi all 5 Joer soll frësch erauskommen.

Dat Gesetz gouf duerch d'Gesetz vum 18. Juli 1983 ersat, an deem am Artikel 8 déiselwecht Conditioune fir d'Lëscht iwwerholl goufen.

Déi lescht Mise à jour vun der Lëscht vun de Monuments classés gouf am Mémorial B N° 35 vum 19. Mee 2009 publizéiert.

Déi besteet aus zwéin Deeler:

  • A) Liste des monuments classés
  • B) Inventaire supplémentaire des monuments nationaux

Nieft der Lëscht am Mémorial huet de Service des sites et monuments nationaux eng méi aktuell op senger Websäit, déi e puer Mol am Joer aktualiséiert gëtt. Déi neitste Versioun ass déi vum 26. Abrëll 2012.

Déi klasséiert Objeten hu keng lafend Nummer, a bei verschiddene sinn als eenzeg Referenz vereelzte Kadasternummeren uginn, sou datt et net direkt nozevollzéien ass, ëm wat et sech handelt. Vereenzelt Objeten, déi op der Lëscht stinn, ginn et net méi (verschidde Beem, z.B.). Och gouf eréischt virun e puer Joer ugefaangen, e systemateschen Argumentaire opzestellen, fir d'Klassement ze justifiéieren.

An der Këscht heidrënner geet et bei d'Oplëschtunge vun allen Objeten. Se sinn no de Gemengen (an dann no den Uertschaften) getässelt, an deenen se ze fanne sinn:


[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen