Muttergotteskapell Iechternach

Vu Wikipedia
Muttergotteskapell
zu Iechternach
D'Muttergotteskapell zu Iechternach (2012)

D'Muttergotteskapell zu Iechternach (2012)
D'Muttergotteskapell zu Iechternach (2012)
Uertschaft / Plaz Iechternach
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Notre-Dame
des Douleurs
Konsekratioun 1658
Proprietär Kierchefong[1]
Koordinaten 49° 48’ 31.5’’ N
      06° 24’ 47.6’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Muttergotteskapell zu Iechternach ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Iechternach gehéiert.

Se steet am südwestlechen Deel vun Iechternach an der rue de la Chapelle, enger Säitestrooss vun der N11.

Zur Par Iechternach gehéieren ausser der Muttergotteskapell och nach d'Basilika vun Iechternach, d'Péitrus a Pauluskierch vun Iechternach an d'Kräizkapell vun Iechternach.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1654 gouf op Wonsch vum Abt Petrus Fisch vun der Iechternacher Abtei eng Kapell zu Éiere vun der Schmäerzensmuttergottes gebaut an de 14. August 1658 geweit. Et ass dovun auszegoen, datt d'Ureegung fir de Bau vum Jesuittepater Jacques Brocquart ausgaangen ass, dee 1625-1627 virun de Mauere vun der Festungsstad Lëtzebuerg - um Glacis - eng Mariekapell gebaut an domat der Muttergottesveréierung zu Lëtzebuerg en neien Opdriff ginn huet.

Widder der Fassad steet eng monumental Muttergottesstatu. Am Banneraum (spéitgotesche Stil) gesäit een e barocken Héichaltor mat enger Pietà. D'Relieffer op de Säite weisen eng Kräizegungszeen a Schutzengelen.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel an der Muttergotteskapell gouf 1845 vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. gestëft a gëtt och "Oranier-Uergel" genannt. Vun deem Typ gëtt et der nëmme 5 op der ganzer Welt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel Muttergotteskapell Iechternach.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Michel Schmitt, 1996: Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen. Impr. St-Paul, Luxembourg, 144 S. ISBN 2-87963-258-7
  • Kauthen, P., 2013. Die Muttergotteskapelle in Echternach. Willibrordus-Bauverein, Echternach, 31 S.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. St. Paulus Druckerei, Luxemburg, 224 S. (Muttergotteskapelle, S. 191-195).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chapelle Notre-Dame des Douleurs Echternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier