Tréierer Doum

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
P Jerusalem.png Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Doum zu Tréier

Matzen am Stadszentrum vun Tréier steet den Tréierer Doum St. Peter, déi eelst Bëschofskierch an Däitschland a Kierch vum Bistum Tréier.

Am 4. Joerhonnert iwwer engem fréiere Palais vum Konstantin als gréisst chrëschtlech Kierch aus der Antikitéit iwwerbaut, war dës quasi véiermol sou grouss wéi den haitegen Doum. Déi riseg Granitsail (Domstein) virun der Entrée vum Doum weist op e réimeschen Ursprong vum chrëschtleche Gebai hin. Duerch Zerstéierungen am 5. an am 9. Joerhonnert gouf de réimesche Kär vun der Kierch, dee ganz bliwwe war, am Mëttelalter nees duerch eenzel romanesch Ubaute vergréissert.

Ëm 1200 gouf südlech vum Doum déi fréigotesch Léiffraekierch op réimesche Sailefëllementer vun engem fréiere Kierchendeel opgeriicht. Si steet mam Doum an de klengen enke Gaasse ronderëm an der Doumstad.

Mat senger iwwer 1650 Joer aler Geschicht, ass den Doum 1986 an d' Weltierfschaft vun der UNESCO opgeholl ginn.

Den Doum zu Tréier vu bannen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cathedral of St. Peter (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien