Karel I. vu Lëtzebuerg
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Karel I. 1316 – 1378 |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Karel I., gebuer 1316, a gestuerwen 1378, war vun 1346 bis 1353 Grof vu Lëtzebuerg, vun 1346 bis 1378, als Karel IV., Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, vun 1346 bis 1378 Kinnek vu Béimen a vun 1373 bis 1378 Maarkgrof vun Branebuerg.
Inhaltsverzeechnes |
Famill [änneren]
De Karel I. war véiermol bestuet:
Blanche vu Valois [änneren]
Seng éischt Fra war d' Blanche vu Valois (1316, † 1348), Duechter vum Kinnek Karel I. vun Aragon a Valencia, Régent vu Frankräich, Grof vu Valois, Alençon, Chartres, Perche a Barcelona. Hiren Hallefbrudder war de Philip VI. Kinnek vu Frankräich. De Karel I. an d'Blanche haten zwee Kanner:
- Margret (1335, † 1349 bestuet mam Kinnek Louis I. vun Ungarn.
- Katrin (1329, † 1353) bestuet mam Rudolf IV., Herzog vun Éisträich, an no deem sengem Doud († 1365) eng zweete Kéier mam Otto de Lidderechen, Herzog vun Uewer-Bayern.
Anna vu Wittelsbach [änneren]
Seng zweet Fra war d' Anna vu Wittelsbach (1329, † 1353), Duechter vum Pfalzgrof um Rhäin Rudolf II.. De Karel I. an d' Anna haten nëmmen ee Jong, dee fréi gestuerwen ass:
Anna vu Schweidnitz [änneren]
Seng drëtt Fra war d'Anna vu Schweidnitz (1339, † 1362), Duechter vum Heinrich II. Herzog vu Schweidnitz. De Karel I. an d' Anna haten zwee Kanner:
- Elisabeth (1358, † 1373) bestuet mam Albrecht III. Herzog vun Éisträich.
- Wenzel II. (de Lidderechen) (1361, † 1387) Herzog vu Lëtzebuerg, Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich a Kinnek vu Béimen.
Elisabeth vu Pommern [änneren]
Seng véiert Fra war d'Elisabeth vu Pommern (1345, † 1392), Duechter vum Bogislav V. Herzog vu Pommern. De Karel I. an d' Elisabeth hate sechs Kanner:
- Anna (1366, † 1394) bestuet mam Richard II. Kinnek vun England.
- Sigismund (1368, † 1437) Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, Kinnek vu Béimen an Ungarn an Herzog vu Lëtzebuerg.
- Johann I. (1370, † 1396) Herzog vu Görlitz, Maarkgrof vu Brandenburg.
- Karel (1372, † 1373).
- Margréit (1373, † 1410) bestuet mam Johann III. Buerggrof vu Nürnberg.
- Henri (1377, † 1378).
Literatur [änneren]
- Haag, Emile, 2011. Charles IV *1316 †1378, le monarque européen, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 128-135.
| Virgänger: Jang I. |
Grof vu Lëtzebuerg 1346 - 1353 |
Nofolger: Wenzel I. |
| Virgänger: Ludwig IV. |
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich 1346 - 1378 |
Nofolger: Wenzel II. |
| Virgänger: Jang I. |
Kinnek vu Béimen 1346 - 1378 |
Nofolger: Wenzel II. |
| Commons: Charles IV, Holy Roman Emperor – Biller, Videoen oder Audiodateien |