Lëtzebuerger Nationalarchiven

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Nationalarchiven

D'Lëtzebuerger Nationalarchiven, offiziell Archives nationales de Luxembourg, ofgekierzt ANLux, sinn d'Nationalarchive vum Lëtzebuerger Land [1].

D'Nationalarchiver sinn en Deel vun der historescher Mémoire vum Land a vun der Lëtzebuerger Gesellschaft. Déi Archivdokumenter, déi an den ANLux conservéiert gin, sinn Zeie vun der politescher, reliéiser, kultureller, sozialer a wiertschaftlecher Geschicht vum Grand-Duché. D'ANLux gehéieren zu de staatleche Kulturinstituter an ennerstinn dem Kulturministère.

Si sinn an der aler Kasär vun der Fräiwëllegekompanie um Hellege-Geescht Plateau [2] an der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht, engem Gebai, dat als Militärlazarett gebaut gouf.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht[änneren]

Laang Zäit sinn am Nationalarchiv just d'Dokumenter vun de Verwaltunge versuergt ginn, dofir gouf et och Staatsarchiv genannt. 1829 huet de Gouverneur Jean-Georges Willmar se fir interesséiert Fuerscher zougänglech gemaach.

D'Gesetz vum 5. Dezember 1958 iwwer d'Organisatioun vun der Nationalbibliothéik an de Staastarchiven huet festgehalen datt d'Staatsarchiven aus zwéin Deeler bestinn: engersäits aus den historeschen Archiver mat alen Dokumenter iwwer d'Lëtzeburger Geschicht an anerersäits aus den administrativen Archiver mat den Dossiere vun deene sech d'Verwaltunge getrennt hunn. Weider huet dat Gesetz festgeluecht datt d'Direktioun vun engem Professer vum Sekondärsenseignement assuréiert gëtt.

Duerch Gesetz vum 27. Februar 1965, gouf d'Gesetz vun 1958 ëmgeännert an erweidert. Dat neit Gesetz huet d'Plaze vum Direkter vun de Staastarchiver a vum Direkter vun der Nationalbibliothéik geschaaft.

D'Staatsarchiven (Archives de l'Etat) kruten duerch d'Gesetz vum 8. Dezember 1988 iwwer d'Reorganisatioun vun de Kulturinstituter vum Staat, zu deene se zielen, déi nei Bezeechnung "Nationalarchiven" (Archives nationales).

Direkteren[änneren]

Missiounen[änneren]

D'Gesetz vum 25. Juni 2004 iwwert Reorganisatioun vun de staatleche Kulturinstituter [3] definéiert d'Missioune vun den Nationalarchiven :

  • si sammelen Dokumenter vun nationalem historeschen Interessi
  • si konservéieren, klasséieren, inventoriséieren ëffentlech Archiver fir se fir historesch a Verwaltungszwecker benotzen ze kënnen.
  • si huele Privatarchiven op
  • si berode staatlech Verwaltungen, Gemengen a Privatpersounen an -organisatiounen a Saachen Archivage

De Nationalarchiv fügt sech an e Reseau vu Kulturinstituter an, deen aus Bibliothéiken, Mediathéiken a Muséeë besteet an dat kulturellt, intellektuellt a soziaalt Liewen zu Lëtzebuerg animéiert.

Well et och an der Welt vum Archivage an de leschte Joren zu gréissere Changementer koum an d'Aarbecht vun den Nationalarchiver sech verännert huet, soll en Archivgesetz ausgeschafft ginn dat ë. a. dëse Verännerunge Rechnung dréit.

Archivdokumenter a Fongen[änneren]

An den Depote vun den ANLux sinn am Moment ca. 45 km un Archivdokumenter an ca. 30.000 Mikrofilmer. Fir d'Gestioun vun dëse Fongen z'erliichteren, si se op 6 Sektiounen opgedeelt:

  • Section ancienne
  • Section moderne
  • Section contemporaine
  • Section administrative
  • Section économique
  • Section iconographique

Accès zu den Archivdokumenter[änneren]

All Persoun, déi eng Carte de lecteur huet, däerf Archivdokumenter kucken. Eng Carte de lecteur kann ee gratis an den ANLux kréien.

De Règlement grand-ducal vum 15 Januar 2001 [4] regelt d'Consultatioun vun Archivdokumenter. Am Prinzip - ofgesi vun deenen am Reglement festgeschriwwenen Ausnamen - sinn all Dokumenter 30 Joer no hirer Kreatioun fräi am Liessall ze gesinn.

Den Accès zu Privatarchiven ass an engem Vertrag tëschen den ANLux an dem Proprietaire vun den Archive geregelt. All privat Persoun, Gesellschaft oder Vereenegung déi Privatarchiven huet déi méiglecherweis en nationalen historesche Wäert hunn, ka sech un d'ANLux wenden. Déi Responsabel évaluéieren des Dokumenter [5] a setzen se ënner Ëmstänn bei den nationalen historesche Patrimoine derbäi.

Fir eng laangfristeg Conservatioun vun den Dokumenter ze garantéieren hunn d'ANLux d'Recht, eenzel Dokumenter oder Fonge fir eng begrenzten Zäit aus der Konsultatioun erauszehuelen.

Valoriséierung vum historesche Patrimoine[änneren]

D'Nationalarchive bedeelege sech aktiv u wëssenschaftlechen an historesche Fuerschungsprojete wéi zum Beispill dem Projet Terres rouges – Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, dee sech mat der Entwécklung vun de Minièren an der Siderurgie zu Lëtzebuerg auserneesetzt.

Fir den, dacks wéineg bekannte Patrimoine an hiren Depote méi ëffentlech ze maachen, organiséieren d'ANLux regelméisseg Ausstellungen a Konferenzen oder verëffentleche Bicher iwwer d'Geschicht vum Grand-Duché. Visite guidéeën erméiglechen et, fir Orginaldokumenter vu wichtegen historeschen Ereegnesser vu ganz no z'entdecken. Schoulklassen an aner Gruppe mat Kanner oder Jugendleche kënnen u pedagogeschen Atelieren deelhuelen.

Zukunftsperspektiven[änneren]

Wéi fir d'Beruffer alleguer, déi sech mat Informatiouns- a Wëssensmanagement beschäftegen, hat déi technologesch an informatesch Revolutioun och staark Auswierkungen op d'Archivaarbecht. Déi traditionell Konzepter a punkto Sammelen, Erhalen, Verschaffen an Auswäerte vun Archiven hu missen iwwerduecht ginn. Grouss Efforte ginn am Moment gemaach, fir ëffentlech a privat Archive gratis online ze setzen an iwwer dëse Wee méiglechst ville Leit zougänglech ze maachen. Aus deem Grond hunn d'Nationalarchiven eng online Sichmaschinn déi et erméiglecht Dokumenter erëmzefannen an numeriséiert Texter, Biller, Toundokumenter mat den entspriechende Metadaten unzekucken. D'Digitalisatioun vun Archivdokumenter ass eng vun den ANLux hire Prioritéiten.

Well an de leschte Joren ëmmer méi Archivdokumenter entstan sinn an dës Entwécklung och an de kommende Jore wäert unhalen, brauchen d'Nationalarchiver méi Personal an en neit Gebai fir dësen aktuellen a kënftegen Erausfuederungen no ze kommen. Aktuell (2012) hunn d'ANLux hir Depoten am Siège um Hellege-Geescht-Plateau, am Autosparking vum Hellege-Geescht-Plateau an ënnert dem Gebai vun der Post op der Gare. Well dëse groussen Dépôt ënnert der Post ab 2014 muss geraumt ginn, kruten d'ANLux Raimlechkeeten zu Bartreng/Bourmicht. Zënter 2003 besti Pläng, fir op de Frichë vun Esch-Belval en neit Gebai fir d'Archiver ze bauen. Am Juni 2005 huet d'Regierung matgedeelt, d'Pläng géifen, aus finanzielle Grënn, ëmgeännert ginn. Am August 2008 sot d'Staatssekretärin fir Kultur Octavie Modert, als Äntwert op eng parlamentaresch Ufro, et wier elo virgesinn de Projet an e puer Etappen ze realiséieren: An enger éischter Phas sollt e Gebai vu 25.000 m² gebaut sinn, wouvunner der 20.000 fir d'Stockéiere vun Dokumenter wieren. Wann d'Lagerraim voll wieren (der Statssekretärin no géingen déi 20.000 m² fir 15 Joer duer), kéinte méi spéit zweemol 5.000 m² Lagerraim bäigebaut ginn. Am Mäerz 2009 hätt sollen deen neie Projet virgestallt ginn. Aktuell (2012) heescht et, datt am Joer 2014 d'Diskussiounen iwwert en neit Gebai rëm sollen opgeholl ginn.

Literatur[änneren]

Referenzen[änneren]

  1. Ob "Archiv" (Eenzuel) oder "Archiven" (Méizuel) hänkt vum sproochleche Virbild of: Op Franséisch sinn et "Archives nationales", op däitsch en "Nationalarchiv"
  2. Accès
  3. Légilux
  4. De Règlement grand-ducal vum 15 Januar 2001
  5. [1]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Lëtzebuerger Nationalarchiven – Biller, Videoen oder Audiodateien