Grondsteen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Grondsteen ass e Steen oder eng Zill, dacks extra dofir gemaach oder an enger besonnescher Form, déi als éischt oder mat als éischt an d'Mauer oder d'Fëllementer vun engem neie Gebai agebaut gëtt.

De Brauch, e Grondsteen ze leeën, geschitt dacks a Form vun enger Zeremonie, bei där eng Persoun, déi e besonnesche Bezuch zum Gebai huet, z. B. de Stëfter oder Bauhär, bei ëffentleche Gebaier e Buergermeeschter oder Minister, de Gondsteen leet.

Heiansdo gëtt mam Grondsteen eng Zäitkapsel mat agebaut, an dacks erënnert eng Gedenkplack dorunner, wéini an duerch wien de Grondstee geluecht gouf.

Kuckt och[änneren]

Commons: Foundation stones – Biller, Videoen oder Audiodateien