Brauch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Brauch (v. alhéidt. bruh = Notzen), och Usus (v. lat. uti = gebrauchen) ass eng festgeluechte Gewunnecht, déi bannent enger Communautéit gewuess ass an iwwer Generatioune weidergefouert gëtt (= Traditioun).

E Brauch ass dacks e Phenomen, dat Liewenserfarungen, déi en Aschnëtt duerstellen, begleet, ënnersträicht an ervirstellt, sou virun allem a Relatioun mat:

Iwwerganks-Rite bei der Menarch, Gebuert an Doud, dem Maans-Ginn an der Hochzäit hunn hiert eegent, traditionellt Brauchtum. Och am Laf vum Joer gëtt et eng jett festgeluechte Bräich, déi mat chrëschtleche Fester zeummenhänken, dacks awer méi al Wuerzelen hunn, wéi z. B. am Kader vun Advent, Chrëschtdag, Silvester, Dräikinneksdag, iwwer Fuesent an Ouschteren bis zum Karschnatz, Niklosdag asw.

Bräich solle Sënn, Identitéit an Integratioun vermëttelen, an droen dozou bäi, eng Communautéit z'eenen an zesummenzehalen. Bräich gëtt et op nationalem Niveau (Nationalhymn spillen, virum Fändel vernäipen) iwwer regionalem bis hin zu Sport- a Musekveräiner, Zënft, a Studenten- Kanner oder Jugendgruppen a -cliquen.

Verschidde Bräich zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andreas C. Bimmer: Brauchforschung. In: Rolf W. Brednich (Hrsg.): Grundriss der Volkskunde. Einführung in die Forschungsfelder der Europäischen Ethnologie. 3. Auflage. Reimer, Berlin 2001, S. 445–468.
  • L. Demoulin & T. Scholtes (1999): Saints et coutumes de l'hiver. In: L'almanach des vieux ardennais: traditions et saints de l'hiver. Musée en Piconrue, Bastogne 1999, S. 163-292.
  • Rolf Dettmann & Mathias Weber: Eifeler Bräuche im Jahreskreis und Lebenslauf. 4 Aufl. Verlag J.P. Bachem, Köln 1987, 168 S. (Schriftenreihe zum Nationalpark Eifel, 1).
  • Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche. Luxemburg: Brück 1883.
  • James Frazer: Der goldene Zweig. Das Geheimnis von Glauben und Sitten der Völker. Rowohlt, Reinbek bei Hamburg 1994. Eng komplett Iwwersetzung vu Frazer senger staark gekierzter Editioun vun 1922.
  • Joseph Hess: Luxemburger Volkskunde, 1929, Verlag: Paul Faber, Gréiwemaacher. Besonnesch: "Sitten und Bräuche" S. 165-280.
  • T. Scholtes et al. (1994): Saints et coutumes de l'été. In: Musée en Piconrue: L'almanach des vieux Ardennais: traditions et saints de l'été. Crédit Communal, Bruxelles 1994, S. 83-244.
  • Pol Tousch: Von Bräuchen, Sitten und Aberglauben: Ein Luxemburger Lexikon. RTL Edition, Luxemburg 1985, 344 S.
  • Helga M. Wolf: Das neue Brauchbuch. Alte und junge Rituale für Lebensfreude und Lebenshilfe. Österreichischer Kunst- und Kulturverlag, Wien 2000.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]