Chrëschtbeemchen

Vu Wikipedia
E gerëschte Chrëschtbeemchen

E Chrëschtbeemchen ass en Nolebam, deen an der Zäit ëm Chrëschtdag traditionell a Mëtteleuropa a Gebaier an op Plazen opgestallt gëtt, an dee mat Bullen, Luteketten, Käerzen, Späizmännercher, Figuren, Lametta, Schnéi-Imitat, Äppel, Nëss a soss Schneekereien dekoréiert gëtt.

Aus dem Elsass si Chrëschtbeemercher zanter dem 16. Joerhonnert attestéiert. Vun Däitschland aus huet dëse Brauch sech am 19. Joerhonnert an d'ganz Welt ausgebreet. D'Gréngs am Haus am Wanter huet d'Hoffnung symboliséiert, datt d'Fréijoer nees geschwënn erëmkéim.

Zu Lëtzebuerg goufe meeschtens Fichten als Chrëschtbeemche geholl, ëmmer méi kommen dofir och Dännen, wéi z. B. Nordmann-Dännen, zum Asaz.

Et gëtt, besonnesch an anere Länner, och kënschtlech Chrëschtbeemercher aus Metall an/oder Plastik, déi een dacks zesummeleeën an d'Joer drop nees benotze kann.

Traditionell gëtt ze Lëtzebuerg dacks mam Chrëschtbeemchen och eng Krëppchen opgeriicht, déi dann zesumme bis Dräikinneksdag stoe bleiwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Oscar Cullmann: Die Entstehung des Weihnachtsfestes und die Herkunft des Weihnachtsbaumes; Stuttgart: Quell-Verlag, 1994; ISBN 3-7918-2326-4
  • Christine Hubka: Der Christbaum ist im Paradies gewachsen. Adventkranz, Christbaumschmuck und Weihnachtskrippe erzählen ihre Geschichten; Limburg a Kevelaer: Lahn-Verlag, 2001; ISBN 3-7840-3231-1 an och Innsbruck a Wien: Tyrolia-Verlag, 2001; ISBN 3-7022-2391-6
  • Camille Schneider: Der Weihnachtsbaum und seine Heimat das Elsass; Dornach: Philosophisch-Anthroposophischer Verlag am Goetheanum, 1977
  • Kurt Mantel: Geschichte des Weihnachtsbaumes und ähnlicher weihnachtlicher Formen. Eine kultur- und waldgeschichtliche Untersuchung; Hannover: Schaper, 19772; ISBN 3-7944-0098-4

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Chrëschtbeemercher – Biller, Videoen oder Audiodateien