Dräikinneksdag

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Liturgescht Joer

Dräikinneksdag ass de 6. Januar. Op dësem Dag feieren d'Chrëschten d'Epiphanie, d. h. d'Siichtbarginn vu Gott am Jesuskand dat op Chrëschtdag gebuer gouf. Dëst kënnt an der Liturgie zum Ausdrock am Text Mt 2,1-12 an deem Geléierter aus dem Oste bei d'Jesuskand kommen, him Kadoe bréngen an an him de Messias erkennen. D'Traditioun huet aus de Geléierten aus dem Osten dräi Kinneke gemaach: mat dräi verschidden Alteren an zwou Hautfaarwe sollte si fir déi ganz (deemools bekannte) Mënschheet stoen.

Traditiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • A Spuenien sinn et d'Dräi Kinneken, an net de Kleeschen, déi de Kanner Cadeaue bréngen.
  • A Frankräich (an och ëmmer méi zu Lëtzebuerg) gëtt op Dräikinneksdag eng Galette des Rois, e ronne Bliederdeegkuch mat Frangipanes-Fëllung giess. An dëser Galette ass eng Fève (fréier war et eng gedréchent Dulles, haut meeschtens eng Parzeläinsfigur) verstoppt. Wien d'Stéck mat der Fève kritt, gëtt fir een Dag zum Kinnek an der Famill ernannt.
  • An Däitschland ginn d'Kanner als Kinneke verkleet (sougenannt Sternsinger) vun Haus zu Haus bei d'Leit Suen ophiewen fir verschidde chrëschtlech Hëllefswierker. Do wou se eppes kréien, schreiwe se mat Kräid op d'Dir oder d'Zarg C+M+B+ zesumme mat der Joreszuel, z. B. 20*C+M+B+06, d'Buschstawen C, M a B sti fir de laténgesche Saz Christus mansionem benedicat (Christus soll dëst Haus seenen). Et kéint sinn datt d'Nimm Caspar, Melchior a Balthasar déi déi 3 Kinneken traditionell kréie vun dëse Buschtawe kommen. Och zu Lëtzebuerg gëtt et plazeweis Kanner, déi wéi an Däitschland als Kinneke verkleet, als Sternsinger, vun Haus zu Haus bei d'Leit Suen ophiewe gi fir verschidden, virun allem chrëschtlech, Hëllefswierker.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Epiphany – Biller, Videoen oder Audiodateien