Chrëschtdag

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Liturgescht Joer

Chrëschtdag feieren d'Chrëschten d'Gebuert vum Jesus vun Nazaret, an dem si de Jong Gottes gesinn. Et ass no Ouschteren dat wichtegst Fest vum Chrëschtentum.

Et läit haut an deene meeschte westleche Staaten all Joer um 25. Dezember, mä d'Chrëschtfeiere selwer fänke schonn den Dag virdrun op Hellegowend un. An den orthodoxe Kierchen, déi liturgesch um julianesche Kalenner festhalen, fält Chrëschtdag op de 7. Januar (wat de 25. Dezember am julianesche Kalenner ass).

Fest Bestanddeeler vu Chrëschtdag sinn zanter dem 13. respektiv 16. Joerhonnert eng Krëppchen an e Chrëschtbeemchen. Op Hellegowend bréngt d'Chrëschtkëndchen de Kanner Cadeauen. Doduerch huet sech d'chrëschtlecht Fest hautdesdaags dacks zu engem éischter weltleche Konsumfest entwécket, wat virun allem de Commerce freet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Als kierchleche Feierdag ass de 25. Dezember zanter 336 zu Roum beluecht; wou en hierkënnt ass allerdéngs ëmstridden. Dacks gëtt dat réimescht Fest vum Sonnegott (sol invictus) als Ursprong ugeholl; dat germanescht Julfest ass eréischt méi spéit beluecht ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Christmas – Biller, Videoen oder Audiodateien