Faaschtenzäit

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Faaschtenzäit bezeechent a verschiddene Reliounen eng Period wärend där besonnesch reliéis Virschrëfte gëllen am Bezuch op Iessen, Drénken, Gebiet, sozialt Engagement, sexuell Aktivitéiten... Sou ass z. B. de Ramadan eng Faaschtenzäit am Islam. Am Juddentum gëtt et méi Faaschtendeeg, dee bedeitendsten ass wuel awer Jom Kippur, den Dag vun der Versöhnung, den héchste Feierdag am jiddesche Kalenner.

Am Lëtzebuerger Sproochgebrauch bezitt sech Faaschtenzäit awer meeschtens op déi chrëschtlech Faaschteperiod vu 40 Deeg virun Ouschteren (éischterlech Bousszäit).

Faaschtenzäit als éischterlech Bousszäit[änneren | Quelltext änneren]

Dës Virbereedungszäit op d'Ouschterfest fänkt op Äschermëttwoch un an dauert bis Karsamschdeg inklusiv. Dat ergëtt am Ganzen eng Zäitspan vu 46 Deeg, mä well déi 6 Sonndeger déi an dës Zäit falen net als Faaschtendeeg zielen, bleiwen nach 40 Deeg. Sënn an Zweck vun der Faaschtenzäit ass déi ënnerlech Emkéier, d'Sech-Bewosstginn vun der eegener Vergänglechkeet an der Ofhängegkeet vis-à-vis vu Gott; sou soll z. B. probéiert gi sech vun zwanghafte Gewunnechten (vun deenen ee frou wier wann een se lass wier) ze befreien.

D'Sonndeger an der Faaschtenzäit[änneren | Quelltext änneren]

  1. Buergsonndeg (la. Invocabit) mat dem Buergbrennen
  2. Bounesonndeg, (la. Reminiscere)
  3. Krounesonndeg, (la. Oculi)
  4. Bretzelsonndeg oder Halleffaaschten, (la. Laetare)
  5. Ellesonndeg, (la. Judica)
  6. Pällemsonndeg, (la. Palmarum)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Faaschtenzäit – Biller, Videoen oder Audiodateien