Advent
Advent (och nach Adventszäit, vu lat. adventus – Ukommen) heescht déi Zäitspan, déi vum 4. Sonndeg virum 25. Dezember (also Chrëschtdag) bis zum Sonnenënnergank de 24. Dezember geet. D'Längt vum Advent ass also variabel, jee nodeems op wéi e Wochendag Chrëschtdag fält, mä en huet ëmmer 4 Sonndeger (déi sougenannt Adventssonndeger). E stellt am Chrëschtentum den Ufank vum Kierchejoer duer a gëllt als eng Virbereedungszäit op Chrëschtdag. Et gëtt sech also op d'Feiere vun der Gebuert vum Jesus virbereet awer och op säin eschatologescht Kommen um Enn vun der Zäit.
Bräich [änneren]
- En Adventskranz ass e Kranz (hautdesdaags och alt e Blummenarrangement) aus Dännen- oder Fiichtenäscht, op deem 4 Käerzen stinn. Jiddwer Adventssonndeg gëtt eng Käerz méi ugefaangen. Esou sinn dräi Symboler am Adventskranz ze erkennen: ronn fir d'Onendlechkeet vu Gott (keen Ufank a keen Enn), gréng Faarf fir d'Hoffnung an d'Liicht dat ëmmer méi grouss gëtt an esou op d'Komme vu Christus soll hiweisen.
- En Adventskalenner ass en Ensembel vu 24 zouenen an numeréierten Unitéiten (Titercher, kleng Päck oder einfach kartons Dieren iwwert engem zweete Karton). All Dag tëscht dem 1. an dem 24. Dezember gëtt déi Unitéit mat der entspriechender Nummer opgemaach an et gesäit een dat wat hannedrunner verstoppt war, (Bild, Stéck Schokola, klenge Kado etc.).
Advent fréier an haut [änneren]
De Poopst Gregor I. huet d'Zuel vun den Adventssonndeger am 6. Joerhonnert op véier festgeluecht, virdru waren et der jee no Géigend véier bis sechs. Zu deem Zäitpunkt a bis zum 20. Joerhonnert (an der orthodoxer Kierch och nach haut) war den Advent, wéi d'Faaschtenzäit virun Ouschteren, eng Preparatiounszäit, während där gefaascht gouf. Chrëschtdag gouf da vum 25. Dezember bis de 6. Januar gefeiert.
An der haiteger Zäit ass et éischter esou wéi wann an der Gesellschaft Chrëschtdag géif während dem Advent (an deelweis souguer schonns virdrun) virgefeiert ginn (Chrëschtmäert a Chrëschtfeiere gi während dem Advent ofgehalen), wougéint spéitstens nom 26. Dezember déi meescht Spure vu Chrëschtdag ganz séier veschwannen.
| Commons: Advent – Biller, Videoen oder Audiodateien |