Transfiguratioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Transfiguratioun ass e chrëschtlecht Fest dat an der orthodoxer an an der kathoulescher Kierch de 6. August gefeiert gëtt. Erënnert gëtt sech dobäi un en Evenement vun dem d'Evangelien erzielen (Markus 9,2-9; Matthäus 17,1-8; Lukas 9, 28-36). De Jesus ass mat dräi vu sengen Apostelen (Péitrus, Jakobus a Johannes) op e Bierg geklomm (traditionell de Bierg Tabor, dëst steet awer net an der Bibel) a gouf virun hinne verkläert, d. h. hien ass an engem aussergewéinleche Liicht erschéngen dat op seng Gëttlechkeet hiweise sollt genee ewéi de Moses an den Prophéit Elias déi niewent him ze gesi waren. Et handelt sech hei also ëm eng sougenannt Theophanie.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Transfiguratioun – Biller, Videoen oder Audiodateien |