Gréngen Donneschdeg

Vu Wikipedia
Déi lescht Owesmoolzecht vum Jesus als Pessachmoolzecht um Sederowend

Gréngen Donneschdeg heescht den Donneschden an der Karwoch. En ass, um Enn vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit den éischte vun den dräi hellegen Deeg a gëtt zanter dem Mëttelalter gefeiert. Dës dräi Kardeeg, Gréngen Donneschdeg, Karfreideg a Karsamschdeg, ginn och nach als Triduum Sacrum oder Triduum Paschale bezeechent a fannen hiren Ofschloss an der Ouschternuecht.

Bedeitung[änneren | Quelltext änneren]

Gréngen Donneschdeg erënnert un déi jiddesch Sedermolzecht, déi de Jesus vun Nazaret wéinst Befreiung aus der Sklaverei an Egypten als Hoffnungsmolzecht mat den Zwielef aus dem enke Krees vu senge Jünger gefeiert huet (Mk 14,17-25)[1] éier hie gekräizegt gouf. Den Evangelien no, huet Jesus senge Jünger bei där Molzecht ugekënnegt, datt hie geschwë stierwe misst, well ee vun hinnen hie verrode wäert. Nodeem hien den Dëschseege gesot huet, deit hien doropshin, datt de Wäin an d'Brout op säin Doud hiweisen. De Wäi verkierpert säin eegent Blutt, an d'Brout säi Läif. Jesus fuerdert seng Jünger dozou op, déi Molzecht ëmmer erëm ze feieren, wa se a sengem Numm zesummekommen.

Déi chrëschtlech Kierche feieren d'Asetzung vun der Eucharistie (gr: εὐχαριστέω eucharisteo‚ de: Danksagung, fr: action de grâce) bei der leschter Owesmoolzecht vu Jesus, virun där hien drop gehalen huet, wéi e Sklav, senge Jünger d'Féiss ze wäschen (Joh 13,1-11)[2].

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Etymologie vum Numm Gréngen Donneschden ass net kloer. E ka vun der Faarf Gréng kommen, well d'Leit ëm déi Zäit dat éischt Gréngs aus dem Gaart giess hunn, wéi Kabes, Päinetsch oder Geméiszopp. Déi Erklärung huet z. B. den Edmond de la Fontaine a sengem Wierk Luxemburger Sitten und Bräuche ginn.[3] Aner Erklärunge weisen drophin, datt Gréng d'Liewen, d'Hoffnung an d'Fruchtbarkeet symboliséiert, oder konstruéiere souguer en Zesummenhank mat dem lëtzebuergesche (!) Wuert gréng(el)en oder grang(el)en, also soueren oder kräischen, well an där Nuecht de Jesus festgeholl gouf (Mk 14,43-52)[4].

Déi plausibelst Explikatioun vum Numm, deen et zanter dem 12. Joerhonnert gëtt, ass wuel déi, datt en op déi gréng Faarf vun de Paramenter, déi op deem Dag bei der Houmass gedroe goufen, zeréckzeféieren ass.[5]

Kathoulesch Bräich[änneren | Quelltext änneren]

An der Kathoulescher Kierch gëtt op Gréngen Donneschdeg no der Mass, wärend deem den Tantum Ergo gesongen oder gebiet gëtt, dat Allerhellegst op d'Säit gestalt, den Altor eidel geraumt an den Tabernakel bleift opstoen. D'Uergel spillt net méi bis an der Ouschternuecht de Gloria erkléngt. Sou laang lauden och keng Klacke méi a ginn och keng Massen (Eucharistie) gefeiert. No der Mass ass eng Biedstonn virum Allerhellegsten an der Monstranz, déi un dem Jesus säi Gebiet zu Gethsemani um Olivebierg erënnert.

Zu Lëtzebuerg besteet de Brauch, datt d'Massendénger klibbere ginn, fir amplaz vun de Klacken d'Zäite vun de Gottesdéngschter unzekënnegen.

Traditioneller Weis, ass an der Kathedral um Virowend vum Gréngen Donneschden déi sougenannt Chrisam-Mass. An dëser Mass weit de Bëschof déi helleg Ueleger, déi spéider fir d'Spende vun de Sakramenter a soss Weie gebraucht ginn. Den Numm vun der Mass leet sech vun der wichteger Salef Chrisam of. Dës Substanz besteet aus Olivenueleg an Aromastoffer. Fréier war d'Olivenueleg als Heelmëttel bekannt a gouf vill benotzt fir de Kierper ze fleegen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gréngen Donneschdeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. D'Evangelium op Lëtzebuergesch: Mk 14,17-25 Gearchiveerd op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-03-28.
  2. Den Evangelist Johannes iwwerliwwert als eenzegen d'Wäsche vun de Féiss: D'Evangelium op Lëtzebuergesch: Joh 13,1-11
  3. E. de la Fontaine, 1983. Luxemburger Sitten und Bräuche. Krippler, Luxemburg, S. 44 (Neioplo). D'Originaleditioun koum 1883 beim P. Brück zu Lëtzebuerg eraus.
  4. D'Evangelium op Lëtzebuergesch: Mk 14,43-52 Gearchiveerd op 2016-03-07. Gekuckt de(n) 2013-03-28.
  5. Bächtold-Stäubli, H. & E. Hoffmann-Krayer (Mitarb.), 2000. Handwörterbuch des deutschen Aberglaubens. 3. unver. Aufl. mit einem neuen Vorwort von Christoph Daxelmüller. Band 3: Freen - Hexenschuß. Walter de Gruyter, Berlin, New York, Kol. 1187. D'Originaleditioun vun dësem Band ass 1931 erauskomm.