Edmond de la Fontaine

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Detail vum Dicks-Monument vum Nina Grach-Jascinsky vun 1966 Dicksgäertchen zu Veianen.
Gebuertshaus vum Dicks um Knuedler, Stad Lëtzebuerg.
Plack um Gebuertshaus.
Schlass Stadbriedemes
wou den Dicks vun 1858 bis 1881 gewunnt huet.
Ërennerungsplack un den Dicks um Schlass Stadbriedemes.
Dem Dicks säi Wunn- a Stierwhaus zu Veianen (1881-1891).
Plack um Dicks sengem Haus zu Veianen.
Graf vum Dicks zu Stadbriedemes.
Plack virum Graf vum Dicks.

Den Edmond de la Fontaine, genannt Dicks, gebuer de 24. Juli 1823 um Knuedler an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 24. Juni 1891 zu Veianen, war Jurist an Auteur vu lëtzebuergesche Kaméidistécker, Gedichter a Lidder, an och verschiddene Fuerschungsaarbechten.

Hie war de Brudder vum Alphonse de la Fontaine a vum Léon de la Fontaine.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Lucien-Irvin-Edmond de la Fontaine war den drëtte Jong vum Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine an der Joséphine Francq. 1841 gëtt dem Dicks säi Papp vum Kinnek Wëllem II. vun Holland zum Gouverneur vum Groussherzogtum Lëtzebuerg ernannt.

Nodeem den Dicks 1844 seng Première am Kolléisch gepackt huet, geet hien op d'Universitéite vu Léck an Heidelberg studéieren. Am Juli 1847 verléisst en d'Uni. Nodeem hien 1850 den Eed als Affekot geleescht hat, gëtt hien 1852 zum zweeten Ergänzungsriichter um Friddensgeriicht an der Stad ernannt, ee Joer drop zum éischten.

Obschonn hien aus enger aristokratescher Famill gestaamt huet, war hien ëmmer no beim normale Vollek. Nieft senger Léift fir d'Musek, d'Poesie an der lëtzebuergescher Kulturgeschicht, hat och de Phenomen vum Perpetuum Mobile him et ugedoen. Sou hat hie sech seng eegen Nätzanlag, mat Waasser aus enger Nopeschbaach, fir säi Gaart gebastelt.

Zu Réimech hat hien, ouni Succès, eng Wiewerei opgemaach.

Vun 1867 bis 1870 war den Dicks Buergermeeschter vu Stadbriedemes. Hei huet hie mat senger Fra Elise Dutreux (1828-1907) [1], déi hien 1858 bestuet hat, am Schlass gewunnt.

De 5. Januar 1881 gëtt hien zum Friddensriichter vum Kanton Veianen ernannt. Hien huet bis zu sengem Doud 1891 zu Veianen gewunnt. Zwee Joer méi spéit gi seng stierflech Iwwerreschter op Stadbriedemes an d'Familljegraf iwwerfouert.

Den Dicks hat zwéi Jongen, den Alfred an den Adrien, an e Meedchen, d'Eugénie.

Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Gedichter[änneren | Quelltext änneren]

  • De 5. November 1848 publizéiert de Volksfreund e satirescht Gedicht, dat op eng genësslech Aart a Weis de Spunnes mat dem parlamentaresche System mécht, et ass D'Vulleparlament am Gréngewald. Den Dicks, als Gouverneursjong, gouf domat op eng speziell Manéier séier bekannt.

Am Ganzen huet den Dicks tëscht 1848 an 1885 eng 60 Gedichter geschriwwen, nieft dem Vulleparlament ass De Wellefchen an de Fîschen ("De Wëllefchen an de Fiisschen") wuel am bekanntsten.

Kaméidistécker[änneren | Quelltext änneren]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Musekskompositioune vum Dicks Nuvola apps xmag.png

Fuerschungsaarbechten[änneren | Quelltext änneren]

  • Versuch über die Orthographie der luxemburger-deutschen Mundart. Luxemburg: V. Bück, 1855, 15 S.
  • Die Luxemburger Sprichwörter und sprichwörtlichen Redensarten. 2 Bände. 1. Theil: Sprichwoerter. 2. Theil: Sprichwoertliche Redensarten. Luxemburg: V. Bück, 1857-1858.
  • Weberei in Remich, Luxemburg: Bück, 1860, 12 S.
  • Die Weinberge und die Catasterrevision. Luxemburg: V. Bück, 1867, 19 S. (Separat-Abdr. aus den Annalen des Acker- und Gartenbau-Vereins des Grossherzogthums Luxemburg).
  • Quelques observations sur le régime de nos rivières navigables. Luxembourg: J. Joris, 1876, 32 S.
  • Stadtbredimus. Historische Notizen. Publications de la Section historique, XXIII, 1868, S. 164-181.
  • Die luxemburger Kinderreime, Luxemburg: Bück, 1877, 62 S. (Scan on Commons)
  • Luxemburger Sagen und Legenden. Luxemburg: Jos. Beffort, 1882, 187 S.
  • Luxemburger Sitten und Bräuche, Luxemburg: Brück, 1883, 168 S. (Scan on Commons)
  • Vianden et ses environs. Luxembourg: L. Schamburger, 1885, 67 S.
  • Die Luxemburger Volkslieder älterer Zeit. Worte und Weisen. Nachgelassenes Werk. Luxemburg, Worré-Mertens, 1994, 52 S.
  • Die deutsche Götterwelt im Luxemburger Lande. Publications de la Section historique, LIII, 1906, S. 5-286.

Den Numm Dicks[änneren | Quelltext änneren]

Et ass vill doriwwer gerätselt ginn, wou dem Edmond de la Fontaine säi Pseudonym Dicks hierkënnt.

  • Dem Nik Welter (1906) no krut den Edmond de la Fontaine säi Spëtz- a spéideren Dichternumm während senger Studentenzäit am Kolléisch, well hien dat franséischt Wuert "dix" (zéng) op Däitsch ausgeschwat an "dicks" gesot hätt.[2]
  • De Fernand Hoffmann (1964) weist op dës "Legend" hin, gëtt awer och eng aner Versioun, déi mat dem klengen Edmond sengem gedrongene Kierperbau zesummenhänkt. De klengen Edmond wier engem preisesche Generol, dee bei sengem Papp op Besuch war, tëscht d'Bee getrollt an deen hätt hien opgehuewen an dobäi am Geck gesot: "Und welches Dickerchen hab ich denn hier?".[3] Den Hoffmann gëtt domat dat erëm, wat virun him schonn vill anerer sou oder ähnlech geschriwwen hunn.
  • De Jules Keiffer (1923, 1930), zum Beispill, huet zwou verschidde Versiounen ernimmt, déi mam Dicks sengem Physique ze dinn hunn. Där enger no, wier den Edmond de la Fontaine wéinst senger gedrongener Statur vu senge Komeroden "Dick" oder "Dicks" genannt ginn. Där anerer no hätt ee Frënn vun der Famill, deen op Besuch war, "Quel gentil dickessen" gesot, wéi hien dee kléngen Edmond gesinn huet. An dee Spëtznumm hätt de Bouf vun do un bei senge Leit behalen.[4]
  • De Charles Knaf (1948) erzielt eng ganz lieweg Geschicht an där de klengen Edmond, deen de Pierre Grégoire als "e Pommelche vu Gestalt, mat rouden Hoer a mat Spächelen am Gesiicht" beschreift,[5] mat senge Geschwëster am Gank virun dem Raum, wou seng Elteren eng feierlech Receptioun ginn, Radau mécht, an dann, wéi d'Gäscht d'Dir opmaachen, fir ze kucken, wat lass wier, net flénk genuch ass, fir sech séier aus dem Stëbs ze maachen. Hie gëtt vun engem vun den Invitéë rattrapéiert; deen hält hien un a seet zu der Gesellschaft: "Sehn Sie hier, was hab' ich ein Dickeschen geschnappt". Vun deem Dag un, hätten d'Elteren, d'Geschwëster an d'Kosengen den Edmond mam Spottnumm "Dicks" geruff, wann se mat him den Uz wollte maachen. De Charles Knaf fënnt zwar, datt déi Interpretatioun vum Numm "Dicks" e bësse mat den Hoer erbäi gezu wier, mä et wier alt emol dat.[6] Da bleift awer och hei d'Fro, firwat een, deen Däitsch schwätzt, "Dickeschen", an net "Dickerchen" seet.
  • D'Auteure vum Katalog vun der Dicks-Expositioun am Mierscher Literaturzentrum (14. Oktober 2009 bis den 28. Mäerz 2010) weisen drophin, datt den Edmond de la Fontaine d'Bréiwer, déi hien als Student tëscht 1844 an 1846 u seng Mamm a seng Mattant geschéckt huet, meeschtens mat "votre gros Edmond" oder "votre gros Dix" ënnerschriwwen huet.[7] Den Alain Atten hat 1984 och schonn festgehalen, datt dem Dicks seng Bréiwer u seng Mamm mat "votre gros Dix" signéiert waren.[8]
  • E Bréif u säi Brudder Léon, deemools Student zu Heidelberg, deen de jonken Edmond de la Fontaine am September 1839 geschriwwen huet, ass mat "De la Fontaine Dixque" ënnerschriwwen. Den Alain Atten huet sech gefrot, ob dat eppes mat engem vum Hollänneschen inspiréierten Spottnumm ze dinn hätt: "Dikske", fir en deckt Kand? Am Originaltext liest dat sech sou: «Une énigme qu'on croirait presque résolue, en scrutant sa signature, n'en subsiste pas moins - son surnom même, qui lui colle depuis son enfance. Il signe "Dixque". Et s'il s'agissait d'un sobriquet néerlandais? "Dikske"? Le gros bébé? S'il avait mis "Dix", on opterait pour le travers de prononcer "dix" avec "x". Inutile de s'attarder au "disque" d'un chemin de fer inexistant à l'époque. La devinette demeure toujours.»[9] Mä, vläicht wollt den Edmond mat där Schreifweis och nëmmen ënnersträichen, datt den "x" vun "Dix" ze prononcéiere wier, dofir "que" (k) drugehaangen?
  • De Batty Weber (1923) wousst och, datt den Edmond de la Fontaine als Student op der Uni ee Bréif u seng Mamm mat "Votre gros Dix" ënnerschriwwen hat. Mä, wouhier den Numm Dicks staamt, schreift de Batty Weber, "dat huet d'Madame de la Fontaine mer selwer emol verzielt": "We' den Dicks nach e ganz klenge Be'wche wor, du huet sei Papp emol de Besuch vun engem he'gen deitschen Her krit. Den Dicks ass grad am Gank doremmer gelaf, an ob êmol brullt en uni Respekt dem Frieme richt an d'Bên. ' Nanu, sot den, was ist denn das für ein lustiges kleines Dickeschen? ' Vun do un huet alles am Haus en den Dickes'chen, a spe'der den Dicks genannt."[10] D'Madame de la Fontaine, vun där de Batty Weber schwätzt, war dem Dicks seng Fra Elise Dutreux, déi hire Mann bis 1907 iwwerlieft hat.
  • Den Ernest Krier (1997) wëllt vun all deem näischt wëssen a mécht e ganz aneren Erklärungsversuch. Hien erënnert drun, datt an der Famill de la Fontaine de Virnumm Theodor dacks virkomm ass, an datt dee Virnumm am Lëtzebuergesche gären ofgekierzt gouf, z. B. "Tit", "Dit" oder "Ditz", woubäi "Ditz" an "Dicks" phonetesch no beienee leie géifen. Den E. Krier zitéiert d'Beispill vun engem Bauer vu Kauneref, deen Theodor geheescht huet: hie wier "Dicks" a seng Fra "Dickse Kett" genannt ginn.[11]

Nom Dicks genannt[änneren | Quelltext änneren]

Anekdoten[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Dicks, dee wéinst enger Krankheet am Kandsalter kromm a gebéckt goung, als Friddensriichter op Veianen koum, haten déi Veiner Spottvullen déi sougenannt Kuantessen him séier en Numm verpasst, d'Gebrachent Rad, well e beim Goen e Been am Krees no bausse geschwenkt huet.[15]

Wéi en an den éischte Deeg eng Kéier duerch Veianen goung souzen e puer Kommäre virun der Dier an eng sot: Oh, wat e Krommen ass dat. Den Dicks deen dat matkritt hat huet geäntwert: Gelt, an dee kënnt Iech riichten.[16]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, Germaine, Roger Muller, Nicole Sahl, Josiane Weber, 2009. "Ech sinn e groussen Hexemeeschter": Dicks (1823-1891) Edmond de la Fontaine. Ausstellungskatalog, Miersch: CNL.
  • Hoffmann, Fernand, 1991. Dicks : oder Abstieg und Aufstieg des Edmond de la Fontaine : Leben und Schaffen eines Nationaldichters. 146 S. Abteilung für Kunst und Literatur des grossh. Instituts, Luxemburg. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
  • La Fontaine, Edmond de, 1981-1984. Gesamtwierk. 4 Bänn. Editions J.-P. Krippler-Müller. Klassiker vun der Lëtzebuerger Literatur Nr. 4.
  • Seimetz, Roger, 2008. Dicks. In: Kmec, S.; Majerus, B., M. Margue & P. Péporté, 2008. Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2e édition. Luxembourg, 85-90.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Edmond de la Fontaine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Le poète national Dicks et son oeuvre par Jules Keiffer
  2. Nikolaus Welter: Die Dichter der luxemburgischen Mundart: Literarische Unterhaltungen. J. Schroell, Diekirch 1906, S. 58.
  3. Fernand Hoffmann: Geschichte der Luxemburger Mundartdichtung, Bd. 1. Bourg-Bourger, Luxemburg 1964, S. 121.
  4. Jules Keiffer: Le poète national Dicks et son oeuvre. In: Luxemburger Illustrierte, Nr. 16, 25. August 1930, S. 244. [1] (D'Luxemburger Illustrierte reproduzéiert hei een Artikel, deen 1923 an der Indépendance Luxembourgeoise erschéngen ass.)
  5. P. Grégoire: Luxemburgs Kulturentfaltung im neunzehnten Jahrhundert. Eine kritische Darstellung des literarischen, künstlerischen und wissenschaftlichen Lebens. Luxemburg 1981, S. 345ff.; kuckt och: E. Friedrich: Kalennerblieder. Bd. 2. Lëtzebuerg 1980, S. 332.
  6. Charles Knaf: Connaissez-vous cet homme? Tageblatt, Nr. 304, 31. Dezember 1948, S. 6. [2]
  7. Cf. S. 27 in Goetzinger et al. 2009 an der Literatur.
  8. A. Atten: Dicks: Einführung in Leben und Werk. In: Dicks (Edmond de la Fontaine): Gesamtwierk, Band IV. P. Krippler-Muller, Luxembourg 1984, S. X.
  9. A. Atten: Deux lettres de l'élève Dicks à son frère Léon (1839/1840). In: Galerie 7(1989), N° 3: 420-422.
  10. Batty Weber: Erënnerongen un den Dicks; mat engem Unhank iwwer [sic] d'Genealogie vun der Familien de la Fontaine vum Henry de la Fontaine. Th. Schroell, Letzeburg 1923, S. 21f.
  11. Ernest Krier: Der Dichtername Dicks. In: Les Cahiers luxembourgeois, 1997, Nr. 3-4, S. 153-154. Kuckt och: Ed Kayser: Edmond de la Fontaine, alias "Dicks", 1823-1891. In: L'Athénée et ses grands anciens. 1815-1893, Vol. 2, Luxembourg 2003, S. 281f., wou dem E. Krier seng "Theodor-Hypothes" zitéiert gëtt.
  12. 12,0 12,1 12,2 Registre national des localités et des rues
  13. Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce déposées en conformité de la loi du 28 mars 1883, pendant le 1er trimestre 1922. Annexe au «Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1922, p. 26 (N° 4426). [3]
  14. Recueil officiel des marques de fabrique et de commerce, déposées en conformité de la loi du 28 mars 1883, pendant les 2me, 3me et 4me trimestres 1923. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, p. 512 (Annexe N° 16) (N° 4983). [4]
  15. P. Bassing an enger Foussnote an enger Neioplag vum Th. Bassing senger Viandener Chronik
  16. Carlo Hemmer, Anekdotische Reise durch Luxemburg Dréckerei Joseph Beffort, Lëtzebuerg, 1981
  17. Memorial A n° 13 vun 1878 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de al couronne de chêne dekoréiert goufen