Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den de la Fontaine

De Gaspard-Théodore-Ignace (genannt: Théodore)[1] de la Fontaine, gebuer de 6. Januar 1787 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 11. Februar 1871, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Vun 1807 bis 1810 studéiert den Théodore de la Fontaine Droit zu Paräis a gëtt am selwechte Joer Affekot um Barreau an der Stad Lëtzebuerg. 1816 gëtt hie Member vun den États provinciaux. Wéi d'Belsch Revolutioun ausbrécht, steet hien op der Säit vum Wëllem I. vun Holland an ass an der Regierungscommissioun, déi d'Stad Lëtzebuerg kontrolléiert.

Vun 1841-1848 ass hie Gouverneur vum Grand-Duché. Den 1. August 1848 gëtt hien deen éischte Regierungspresident vu Lëtzebuerg, an ass gläichzäiteg fir d'Aussebezéiungen, d'Justiz an de Kultus zoustänneg. Mee schonn den 2. Dezember fält d'Regierung. Den de la Fontaine ass vun 1849 bis 1851 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. 1857 gëtt hie President vum nei gegrënnte Staatsrot, a bleift dat 11 Joer laang.

1871 verscheet den de la Fontaine an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

[änneren] Soss

Hien huet sech de 25. Juni 1816 (net 1815, wéi een esou dacks liest) zu Déifferdang mat der Joséphine Francq bestuet. D'Hochzäitsmass war deeselwechten Dag an der Porkierch zu Uewerkuer.[2]

Hien ass de Papp vum:

[änneren] Referenzen

  1. Kuck z.B.: Arrêté royal grand-ducal, du 8 juin 1842, concernant la nomination du Gouverneur du Grand-Duché. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1842, S. 393. [1]
  2. A. Logelin-Simon: Le mariage des parents d'Edmond de la Fontaine. In: Galerie 27(2009), No 3, S. 427-433.

[änneren] Kuckt och


Chamberpresidenten

Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine - Charles Metz - Théodore Pescatore - Victor de Tornaco - Jean-Mathias Wellenstein - Jean-Pierre Toutsch - Norbert Metz - Michel Witry - Paul de Scherff - Félix de Blochausen - Jean Pierre Foehr - Jacques-Gustave Lessel - Zénon de Muyser - Emmanuel Servais - Théodore Willibrord de Wacquant - Charles-Jean Simons - Auguste Laval - Edouard Hemmer - François Altwies - René Blum - Emile Reuter - Joseph Bech - Victor Bodson - Romain Fandel - Pierre Grégoire - Antoine Wehenkel - René Van Den Bulcke - Léon Bollendorff - Erna Hennicot-Schoepges - Jean Spautz - Jean Asselborn - Lucien Weiler - Laurent Mosar
Doyens d'âge: Mathias Ulrich - Jean-Pierre Urwald - Nicolas Wirtgen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen