Pierre Werner
De Pierre Werner, gebuer den 29. Dezember 1913 zu Lille a gestuerwen de 24. Juni 2002 an der Stad, war e lëtzebuergesche Politiker. Hie gëllt als ee vun de "Pappen" vum Euro.
No sengem Studium, tëscht 1934 an 1937, zu Paräis (Droit a Politikwëssenschaft) huet hie bei der Banque Générale du Luxembourg geschafft.
1945 gouf hie "Commissaire au contrôle des banques". Vun 1953 bis 1959 war hien, an der Regierunge Bech a Frieden, Finanz- an Arméiminister.
Den 2. Mäerz 1959, nom Doud vum Pierre Frieden, gouf de Pierre Werner Premierminister, Staats- a Finanzminister. Tëscht 1959 an 1984 war hie vun do un, mat Ausnam vun de Joren 1974-1979, Regierungschef vu verschiddene Koalitiounsregierungen, an hat zousätzlech, je nodeems, d'Portefeuillën Aussebezéiungen, Finanzen, Justiz, Fonction publique an/oder Kultur.
1970 huet hien e Plang ausgeschafft (de soug. Werner-Plang), en éischte Versuch fir eng europäesch Währungsunioun ze schafen. Dëse gouf awer, wéinst de wirtschaftleche Problemer an Europa vun der Mëtt vun de 1970er Joren un, fale gelooss, a gouf eréischt 1985 mam Delors-Plang ërem opgeholl. Dëse sollt dann och zu der Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun a spéider zum Aféiere vum Euro féieren.
1984 ass hien net méi bei de Chamberwalen ugetratt. Hie war tëscht 1985 a 1987 President vum Verwaltungsrot vun der CLT.
De Pierre Werner ass de 24. Juni 2002 an der Stad Lëtzebuerg verscheet.
Hien ass de Papp vum Jean Werner.
Wierker [änneren]
- Werner, Pierre: Itinéraires luxembourgeois et européens, évolutions et souvenirs, 1945-1985 (Tome 1 et Tome 2), Luxembourg, 1991. (seng Mémoiren)
- Mühlen, Ernest a Werner, Pierre: Les finances communales, Cahiers économiques, n. 4, Banque Internationale à Luxembourg, Luxembourg, pp. 1–29, 1975
- Danescu, Elena Rodica. Bibliographie de Pierre Werner, CVCE, Luxembourg, 2012.
Literatur [änneren]
- Haag, Emile: Pierre Werner *1913 †2002, le maître d'oeuvre de l'économie luxembourgeoise contemporaine In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles (Ss 494-499); Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
Kuckt och [änneren]
- Regierung Werner-Schaus I
- Regierung Werner-Cravatte
- Regierung Werner-Schaus II
- Regierung Werner-Thorn-Flesch
- Prix Pierre Werner
- Lëscht vun de lëtzebuergesche Premierministeren
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Pierre Werner – Biller, Videoen oder Audiodateien |