Tabernakel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Tabernakel (vum Lat. tabernaculum - Zelt) ass e klenge Schaf a kathoulesche Kierchen, an dem déi konsekréiert Hostië versuergt ginn.
E steet entweder am Chouer oder op engem Säitenaltor. Z'erkënnen ass den Tabernakel och dodrun datt net wäit dervun ewech permanent eng Käerz brennt, dat Éiwegt Liicht.
| Commons: Tabernakelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |