Brout

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Däitscht Karbrout
Franséischt wäisst Brout
Tierkescht Fluedebrout
Schwedescht Knäckebrout
Englescht Toastbrout

Brout ass en traditionellt Liewensmëttel, dat aus engem Deeg vu gemuele Käre (Miel), Waasser, engem Dreifmëttel (meeschtens Hief), Salz an eventuell anere Bestandeeler gebak gëtt.

Dat Haart, Baussenzegt gëtt Kuuscht genannt, dat Mëllt bannendra Bréissem, an déi zwee Enner bei engem längelzeche Brout, Knaus oder Bootsch. Eng Tranche Brout mat Eppes drop heescht Schmier. Déi meescht Broutdeegzorte kënnen och a méi klengen, ongeféier fauschtgrousse Portioune gebak ginn; dëst sinn da Bréidercher.

Broutzorten[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt zwou Grondzorte vu Brout: deeës aus gesaiertem Deeg an deeës aus ongesaiertem. Bei gesaiertem Brout, där zu Lëtzebuerg geleefegster Zort, gëtt en Dreifmëttel (Hief oder Deessem) an de Broutdeeg gemëscht. Dëse geet virun a beim Baken "op", doduerch gëtt d'Brout mëll a lëfteg bannendrann. Ongesaierten Deeg, deen net opgeet, gëtt meescht zu Fluede verschafft.

Déi geleefegst Zorte Miel fir Brout si vu Weess a vu Kar, oder aus Mëschunge vun deenen zwee. Karbrout gëtt och alt "schwaarzt Brout" genannt, Weessbrout "wäisst Brout".

Gewéinlech gëtt Brout no de Kären, aus deenen et besteet (Spelzbrout), deem, wat soss dobäikënnt (Kürbiskärebrout, Nëssbrout), no senger Form (Baguette) oder sengem Gewiicht (Zweepënner) benannt.

Kulturgeschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

An Europa gëtt et mat am meeschte verschidden Zorte Brout. An der orientalescher Kiche si Fluedebrouter beléift, an Indien gëtt et déi méi kleng Varianten dovu wéi Chapati oder Papadam, a Pakistan gëtt Puri gebak. A Südostasien kënnt d'Brout kaum vir, an Nordchina awer schonn, a Form vu gedëmpten Hiefdeegbréidercher. An Australien sinn Damper eng Spezialitéit. Aus Mexiko kommen Tortillaen aus Maismiel, an Afrika gëtt Fluede-Brout aus gemuelenem Maniok, Mill oder Mais gebak.

Nieft senger Roll als Liewensmëttel huet d'Brout och eng grouss symbolesch a spirituell Bedeitung. Bei ville Vëlker, déi Akerbau bedriwwen hunn, huet d'Brout als helleg gegollt, an et goufen eng Rëtsch Ritualer ronderëm d'Baken oder d'Uschneiden. Bei bestëmmte reliéise Feierlechkeete gouf traditionell Brout a Forme gebak; de Boxemännchen ass ee Beispill. Och haut nach gëtt op ville Plaze Brout a Salz gereecht, fir een z'emfänken, oder fir eng Hochzäit oder en neit Haus ze zelebréieren.

Zu Lëtzebuerg war et laang de Brauch, datt d'Brout ëmmer um Kichen- oder Stuffendësch, mat engem Duch zougedeckt, louch, sou datt Besuch sech dovun zerwéiere kéint. Och gouf et den Awerglawen, datt et Ongléck géif bréngen, wann een e Brout op d'Kopp leeë géif.

An der jiddescher a chrëchtlecher Relioun spillt d'Brout och eng wichteg Roll. Sou gëtt beim jiddesche Pessach-Fest ongesaiert Brout giess, fir un den Auszuch aus Egypten z'erënneren. Am chrëschtleche Eise Papp-Gebiet gëtt als éischt drëm gebieden, "dat deeglecht Brout" ze kréien; an der Liturgie ass d'Broutbriechen, a Form vun enger Hostie, en zentraalt Thema.

Politesch war d'Fuerderung no (genuch) Brout ëmmer wichteg: Sou ass eng vun den Ursaache vun der Franséischer Revolutioun en Opstand, well et net genuch Brout gouf.

Brout gëtt et an Ausdréck wéi:

  • Brout a(n Zirkus)spiller, eng éischt Kéier vum Dichter Juvenal gebraucht.
  • säi Brout/seng Kuuscht verdéngen
  • de Mënsch lieft net vum Brout eleng
  • bei Waasser a Brout

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, Jean-Claude (Ed.), 1995. Le pain des Européens - Techniques et symboles / Das Brot der Europäer - Technik und Symbolik. Livre-catalogue de l'exposition au Tutesall du 26 août au 1er octobre 1995. 160 S. SESAM asbl et les Amis de l'histoire, Luxembourg. ISBN 2-87961-001-X. (Mat Bäiträg vun: Emmanuel Bulz, Annik Châtelier-Schon, Pierre Hannick, Jeannot Kettel, Foni Lebrun-Ricalens, René Link, Carl Werner Müller, Jean-Claude Muller, Paul Muller, Frank Wilhelm)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Breads – Biller, Videoen oder Audiodateien