Weess
| Weess | |||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Triticum |
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||
|
|||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
| Triticum „L.“ 1753 |
|||||||||||||||
Weess ginn eng Rëtsch Aarte vun de Séissgrieser (Poaceae) an der Gattung Triticum L. genannt. Etymologesch kënnt den Numm Weess vu "Wäiss"; d'Faarf vun deem, wat aus dëser Fruuchtzort gemaach gëtt, neemlech wäisst Miel.
Inhaltsverzeechnes |
Ubau [änneren]
Weess ass, wat d'Klima, de Buedem an d'Waasserversuergung ubelaangt, méi kriddeleg wéi aner Fruuchtzorten.
Wanterweess, déi geleefegst Zort zu Lëtzebuerg, gëtt am Hierscht ausgeséit. D'Fruucht ass dat Joer drop zeideg. All Planz huet 2 bis 3 Ieren, an an all Ier si 25 bis 40 Kären. Op engem Quadratmeter kënnen 350 bis 700 Hällem wuessen, sou datt 70 Balle Weesskäre pro Hektar (heiansdo alt bis zu 110 Ballen um ha) eragefuer kënne ginn. Keng aner Fruuchtzort huet esou ee Rendement.
Déi zeideg Käre bestinn zu 60 % aus Steif, ca. 12 % Eewäiss, ca. 2 % Fett an ca. 14 % Waasser.
Summerweess gëtt esou fréi wéi méiglech am Fréijoer geséint. E gëtt manner Käre wéi de Wanterweess, déi hunn awer méi Proteinnen.
Bedeitung [änneren]
Déi verschidde Weessaarte sinn nom Mais déi Zort Fruucht, déi am meeschten op der Welt ugebaut gëtt. A ville Länner ass de Weess fir d'Mënschen eent vun de Grondliewensmëttel (aus sengem Miel gëtt Brout gebak) a spillt och eng wichteg Roll als Déierefudder. Haarde Weess gëtt geholl, fir Deegwueren ze maachen.
Am Joer 2005 goufe weltwäit 629.566.041 Tonne Weess recoltéiert. 15 Länner produzéiere ronn 80 % dovunner.
| Plaz | Land | Quantitéit (an 1000 t) |
Plaz | Land | Quantitéit (an 1000 t) |
|---|---|---|---|---|---|
| 1 | 96.340 | 9 | 21.591 | ||
| 2 | 72.000 | 10 | 21.000 | ||
| 3 | 57.106 | 11 | 18.700 | ||
| 4 | 47.608 | 12 | 16.000 | ||
| 5 | 36.922 | 13 | 14.950 | ||
| 6 | 25.547 | 14 | 14.500 | ||
| 7 | 24.067 | 15 | 11.070 | ||
| 8 | 23.578 | Welt | 629.566 |
Source: FAO, Faostat, 2006.
Aarten [änneren]
- T. aestivum L.
- T. aestivum subsp. spelta (L.) Thell. (Spelz)
- T. antiquorum Heer
- T. baeoticum Boiss.
- T. compactum Host (Zwergweess)
- T. compositum L.
- T. dicoccum Schübler
- T. turgidum ssp. durum Desf. (Haartweess)
- T. ispahanicum Heslot
- T. jakubzineri (Udacz. & Schachm.)
- T. karamyschevii Nevski
- T. militinae Zhuk. & Migush.
- T. monococcum L.
- T. parvicoccum
- T. petropavlovskyi Udacz. & Migush.
- T. polonicum L.
- T. sinskajae Filat. & Kurk.
- T. tetraurartu Gandil.
- T. timonovum Heslot & Ferrary
- T. timopheevii (Zhuk.) Zhuk.
- T. turanicum Jakubz.
- T. turgidum L. (Rauweess)
- T. urartu Thumanyan ex Gandilyan
- T. vavilovii (Tum.) Jakubc. in Zhuk.
- T. zhukovskyi Menabe & Ericzjan
Geschicht vun der Domestizéierung/Ubau [änneren]
De Weess, dee mer haut kennen, kënnt hir vun enger Kräizung vu verschiddene Fruucht- a Wëllgraszorten.
Déi éischt Zorten waren den Triticum monococcum (de: Einkorn) an den Emmer (Triticum dicoccum). Weess kënnt aus dem Noen Osten. E gëtt op d'mannst zënter 7.800 v. Chr. ugebaut an ass, nom Geescht, déi zweeteelst Aart vu Fruucht. An Europa gouf en awer eréischt zënter dem 11. Joerhonnert populär, wou d'Wäissbrout Moud ginn ass
Zesummesetzung (Mëlle Weess) [änneren]
| Bestanddeeler | Mineralstoffer pro 100 g | Vitaminne pro 100 g | |||
|---|---|---|---|---|---|
| Waasser | 10,42 % | Calcium | 34 mg | Thiamin (Vitamin B1) | 0,41 mg |
| Eewäiss | 10,7 % | Eisen | 5,4 mg | Riboflavin (Vitamin B2) | 0,11 mg |
| Fett | 2,0 % | Magnesium | 90 mg | Niacin | 4,77 mg |
| Kuelenhydraten | 75,36 % | Phosphor | 402 mg | Pantothensaier | 0,85 mg |
| Ballaststoffer (Deel vun de Kuelenhydraten) |
12,7 % | Kalium | 435 mg | Vitamin B6 | 0,38 mg |
| Mineralstoffer | 1,5 % | Natrium | 2 mg | Folsaier | 0,04 mg |
| Zénk | 3,5 mg | Vitamin E | 1,44 mg | ||
| Koffer | 0,43 mg | ||||
| Mangan | 3,40 mg | ||||
De Brennwert ass 1425 kJ op 100 g.
Literatur [änneren]
- Friedrich J. Zeller, Sai L.K. Hsam: Weizen: Grundstoff für die menschliche Ernährung und für industrielle Erzeugnisse. Naturwissenschaftliche Rundschau 57(8), S. 413–421 (2004), ISSN 0028-1050
- Elisabeth Schiemann: Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. 1948
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Triticum – Biller, Videoen oder Audiodateien |