Protein

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Chem template.svg Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Protein (Eewäiss) ass e Polymer vun Aminosaieren (tëscht 100 an e puer Dausend) déi mat enger Peptidbindung verbonne sinn, dowéinst kann een och Polypeptide soen. (Bei manner wéi 100 Aminosaiere schwätzt een normalerweis vun engem Peptid).

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

Primärstruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Primärstruktur vun engem Protein ass d'Reiefolleg vun den Aminosaieren, sou wéi se vun den RNS virgeschriwwen ass.

Sekundärstruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Sekundärstruktur entsprécht der Positioun am Raum vun de Aminosaieren, d'Aminosaierekette bleift nämlech net linear mä faalt sech sou datt d'Energie bannent dem Moleküll méiglechst kleng ass. Dobäi si verschidde Strukturen besonnesch heefeg unzetreffen:

  • \alpha-Helix: ass eng riets Spiral mat engem Duerchmiesser vun 120 nm.
  • \beta-Blaat: d'Aminosaiere sinn am Zickzack organiséiert.

D'Sekundärstrukturen gi stabiliséiert duerch Waasserstoffbrécken tëscht de Waasserstoff- a Sauerstoffatomer vum Proteinskelett (also net de Säitekette vun den Aminosaieren)

Tertiärstruktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Tertiärstruktur ass d'Organisatioun vun de verschiddenen Sekundärstrukturelementer ënner sech. Déi Organisatioun gëtt bestëmmt duerch net-kovalent Bindungen tëscht den Aminosäieresäiteketten, z. B. London-Dispersiouns-Kräfte, Salzbrécken, Disulfidbrécken (déi sinn allerdengs kovalent). E Protein kann nëmmen aktiv sinn, wa seng Tertiärstruktur korrekt ass.

Quaternärstruktur[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Proteinne brauche méi Polypeptidkette fir funktionell ze sinn, z. B. Hämoglobin. D'Quaternärstruktur beschreift wéi déi verschidde Molekülle mussen am Raum organiséiert si fir ze funktionéieren.

Funktiounen[änneren | Quelltext änneren]

An den Organismen hunn d'Proteine ganz verschidden a villsäiteg Aufgaben, z. B.

  • Struktur vun der Zell
  • Transport vu Substanzen
  • Katalys als Enzymer
  • Ofwier (Antikierper)
  • Aminiosaierereserv

Synthes[änneren | Quelltext änneren]

Bal all d'Proteine ginn duerch Ribosomen zesummengesat déi eng RNS liesen. (kuckt Molekularbiologie an Translatioun). E puer (kleng) Proteine kënnen duerch Enzymer zesummegesat ginn, an deem Fall kënnen och speziell Aminosaieren agebaut ginn, déi net am genetesche Code firgesi sinn.

Proteinen als Nierstoff[änneren | Quelltext änneren]

Proteinen erfëllen an alle Beräicher vum Kierper wichteg Aufgabe vu verschiddenen Aarten. Si sinn de Grondbaustee vun allem Liewen. Si bilden nieft de Kuelenhydrater an de Lipiden den Haaptbestanddeel vun der mënschlerer Ernierung. De Kierper besteet aus 15 bis 20 % aus Proteinen, mä e brauch awer dauernd d'Opnam vun hinnen, well e se net selwer hirstelle kann.

Déi Proteinen déi mam Iessen opgeholl ginn an eng aner Aminosaierkombinatioun hunn, wéi déi Proteinen dei am mënschleche Kierper sinn, ginn am Daarm duerch Enzymer an hir Bestanddeeler zerluegt. Da gi si dem nei zesummegesat datt si dem Kierper sengen Ufuerderungen entspriechen.

Commons: Proteins – Biller, Videoen oder Audiodateien