Lipid

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Lipiden ass e Sammelbegrëff fir verschidden organesch Moleküllen déi als gemeinsam Eegeschaft hunn, datt se net oder nëmme schwéier waasserléislech sinn (awer léislech an organesche Léisungsmëttel) a sech fetteg ufillen. Dofir gi se an der Alldagssprooch och als Fetter bezeechent. Et handelt sech also ëm en heterogene Grupp wat déi genee chemesch Struktur ugeet.

Folgend Klassifizéierung ass méiglech:

D'Nahrungsfetter[änneren | Quelltext änneren]

Ënner den dräi Nierstoffer (Lipiden, Kuelenhydrater a Proteinnen) huet d'Fett op Gewiicht bezunn den héchsten Energiegehalt: 9,3 kcal/g.

D'Nahrungsfetter gi vum Kierper haaptsächlech fir den Opbau vun den Zellwänn gebraucht. Op Grond vun hirer Nahrungsdicht, si si am Verglach zu de Kuelenhydrater an de Proteinnen immens energieräich an domat och als Haaptenergieliwwerant ze betruechten.

Mam Iessen zougefouert Fett a Cholesterin gëtt duerch d'Gaalesaier emulgéiert an iwwer d'Darmwand resorbéiert. Doriwwer eraus si bal all Kierperzellen an der Lag zu enger Fettsynthes. Well de Mënsch awer net all ongesiedegt Fettsaiere selwer bilde kann, musse verschidde Fetter, wéi z. B. Linolsaier, dem Kierper iwwer d'Iessen zougefouert ginn.

Fett gëllt och als Schutz géint Keelt, dofir gëtt et ënner der Haut gespäichert. Ouni Fett kéinte vill liewenswichteg Vitaminnen déi sech eréischt duerch d'Fett kënnen opleisen, net vum Kierper opgeholl ginn.

Eng fetträich Ernierung siedegt am Allgemengen och méi wéi eng Ernierung ouni Fett.

Commons: Lipids – Biller, Videoen oder Audiodateien