Thiamin
| Vitamin B1 | |
|---|---|
| Strukturformel: | |
| Wëssenschaftlechen Numm | |
| Thiamin | |
| Chemesch Formel | |
| C12H17ClN4OS | |
| Dagesbedarf | |
| 1,0-1,2 mg | |
| Virkommen | |
| Weesskären, Sojabounen, Schwéngefleesch | |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Aggregatzoustand | fest oder Polver |
| Faarf | faarwlos |
| Léislechkeet | waasserléislech |
| Dicht | ? g/cm³ |
| Molmass | 337,3 g/mol |
| Schmëlzpunkt | 248 °C |
| Siedepunkt | - °C |
Vitamin B1 oder Thiamin ass e wäisse Vitamin, dee sech am Waasser opléist.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De Vitamin B1 gouf am Ufank vum 20. Joerhonnert entdeckt an dat bei Fuerschungen no den Ursaachen vun der Krankheet Beriberi. E gouf 1926 fir d'éischt isoléiert.
Eegeschaften [änneren]
Vitamin B1 gehéiert zur Grupp vun de B-Vitaminnen an ass e waasserléisleche Vitamin.
Virkommen [änneren]
Vitamin B1 oder Thiamin kënnt am heefegsten a Käreprodukter, Schwéngefleesch, Liewer, Sojaprodukter a verschidden Fëschzorten vir. Leguminosen, Béier a Gromperen enthalen och e puer Undeeler vum Vitamin B1.
| Vitamin B1 | |
|---|---|
| Liewensmëttel | Gehalt vum Vitamin (mg/100 g) |
| Schwengefleesch | 0,80 - 1,00 |
| Häerz vum Rand | 0,53 |
| Int | 0,30 |
| weiss Bounen | 0,51 |
| Weess | 2,00 |
| Champignoen | 0,10 |
| gréng Iebesen | 0,32 |
| Spargel | 0,11 |
Aufgaben a Bedarf [änneren]
Thiamin spillt eng wichteg Roll am mënschleche Kierper, haaptsächlech am Kuelenhydrat-a Fettstoffwiessel. Als Koenzym hëlleft hien dem Kierper d'Energie aus der Nahrung erauszezéien. Ausserdeem spillt en eng grouss Roll am Fonktionnement vum Nervesystem. En ass liewenswichteg a gëtt am ganze Kierper verdeelt: am Gewief, an der Muskulatur an an den Organer. Vitamin B1 reagéiert empfindlech op Hëtzt. Liewensmëttel mat Vitamin B1 sollen deemno kill an däischter gelagert ginn fir d'Verfale vum Vitamin esou kleng wéi méiglech ze halen.
De Kierper vum Mënsch huet ongeféier 30 mg Vitamin B1 a sech. En ass awer op eng alldeeglech Zoufuer ugewisse vun 1,0 - 1,2 mg . Déi Quantitéit entsprécht där, déi de mënschleche Kierper all Dag verbraucht.
Mangel [änneren]
Schwéiere Vitamin B1 Mangel weist sech duerch neurologesch Stéierungen, Muskelschwund an Häerzinsuffizienz. Déi Symptomer kann een ënner dem Numm Beriberi zesummefaassen. An den Industrielänner daucht déi Krankheet allerdéngs net ze dacks op, ausser bei ganz schwéierer falsch Ernierung an Alkoholofhängegkeet. Beriberi kënnt am meeschten an den Drëtt-Weltlänner vir. E liichte Vitamin B1 Mangel weist dës Symptomer op:
- Schlofstéierungen, keen Appetit, Konzentratiounsschwächt
- Reizbarkeet
- Verdauungsstéierungen
Bei engem méi laang undauerende Vitamin B1 Mangel:
Iwwerdoséierung [änneren]
Eng Iwwerdoséierung ass bal onméiglech well de Kierper iwwert d'Nieren dat erëm ausscheet wat en net vu Vitamin B1 brauch.
| Vitaminnen |
|---|
| All B-Vitaminnen | All D Vitaminnen |
| Retinol (A) | Thiamin (B1) | Riboflavin (B2) | Niacin (B3) | Pantothensaier (B5) | Pyridoxin (B6) | Biotin (B7) | Folsaier (B9) | Cobalamin (B12) | Ascorbinsaier (C) | Ergocalciferol (D2) | Cholecalciferol (D3) | Tocopherol (E) | Naphthoquinon (K) |