Retinol

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vitamin A
Strukturformel:

Retinol.png

Wëssenschaftlechen Numm
Retinol
Chemesch Formel
C20H30
Dagesbedarf
0,8 - 1 mg
Virkommen
Mëllechprodukter, Liewer, Muerten, Eegiel
Physikalesch Eegeschaften
Aggregatzoustand fest
Faarf /
Léislechkeet Fett
Dicht /
Molmass 286,46 g/mol
Schmëlzpunkt tëscht 62 a 64 Grad Celsius
Siedepunkt tëscht 137 an 138 Grad Celsius


Retinol oder Vitamin A ass en essentielle Vitamin.

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

De Vitamin A gouf am Joer 1910 entdeckt, seng chemesch Struktur gouf awer eréischt 1931 entschlësselt.

Eegeschaften [änneren]

Vitamin A gëtt et a verschiddene Formen. Den Haaptvertrieder ass den Retinol, donieft gëtt et den Retinal, d'Retinsäier an de Vitamin A Ester.

Virkommen [änneren]

Vitamin A kënnt an Déiereprodukter wéi Fësch, Liewer, Mëllechprodukter an Eer vir. D'Carotinoide fënnt ee virun allem a Planzeprodukter wéi Muerten, Brokkoli, Paprika, Aprikosen, Kiischten, Tomaten, Spinat (Päinetsch) a Péiterséilech vir, also a Planzen déi giel-rout-orange sinn.

Vitamin A
Liewensmëttel Gehalt vum Vitamin
(µ/100 g)
Liewer vum Schwein 39100
Liewer vum Kallef 21900
Liewer vum Rand 15300
Liewer vum Poulet 11600
Éil 980
Camembert 631
Botter 653
Nier vum Kallef 210

Aufgaben a Bedarf [änneren]

Vitamin A brauch ee fir d'Funktioun an d'Deele vun den Zellen. Beaflosst gëtt de Wuesstem an d'Bildung vun der Haut, de Schläimhéit, dem Knorpeltissu, der Vue an d'Entwécklung vum Embryo. En ass ausserdeem zoustänneg fir d'Ofwier vu Krankheetserreger an fir d'Produktioun vu Spermien.

Den Haaptspäicher fir de Vitamin A ass d'Liewer. Vun do aus gëtt en dann iwwert d'Blutt zu den Zellen transportéiert. D'Carotinoiden (Planzefaarfstoffer) ginn am Dënndaarm zu Retinol gespléckt an iwwert d'Lymph transportéiert. Vitamin A ass ausserdeem als Bestanddeel vun den an den Stäbchenzelle vun der Aanetzhaut virkommenden Photopigment Rhodopsin zoustänneg fir Dimmerliicht ze gesinn.

Den duerchschnëttlechen Dagesbedarf vu Vitamin A ass 0,8 mg, deen een awer och a Form vu Carotin, dann awer 2 mg, kann zou sech huelen. Schwanger a nierend Fraen an och Jugendlecher sollen den Dagesbedarf e bessen erhéijen.

Vitamin A reagéiert sensibel op d'Liicht, Sauerstoff an d'Hëtzt.

Mangel [änneren]

E Mangel u Vitamin A äussert sech haaptsächlech duerch Appetitsverloscht, Wuestumsstéierungen, Nuetsblannsinn, Infektiounsufällegkeet, Ofhuele vun der Séikraaft, héich Liichtempfindlechkeet, Hoerausfall an dréchen Haut a gëtt och Hypovitaminos genannt. E Mangel ass an de westlechen Industrielänner ganz selen, kann awer bei Veganer optrieden déi sech nëmme vu planzleche Liewensmëttel ernieren.

Iwwerdoséierung [änneren]

Vitamin A kann een och iwwerdoséieren, well en am Géigesaz zu de waasserléisleche Vitaminne net ausgescheet ka ginn. Dëst gëtt Hypervitaminos genannt a kënnt eigentlech just bei enger regelméisseger Zounam vu méi wéi 30 mg pro Dag vir. Unzeechen dofir si Kappwéi, Erbriechen, Schwindel, allgemeng Schwächegefiller, Middegkeet, Hoerverloscht, dréchen Haut, Menstruationsproblemer, Liewervergréisserung a geschwolle Gelenker a Schanken. Bei enger Schwangerschaft kann et souguer zur Mëssbildung vum Fötus féieren.


Vitaminnen
All B-Vitaminnen | All D Vitaminnen
Retinol (A) | Thiamin (B1) | Riboflavin (B2) | Niacin (B3) | Pantothensaier (B5) | Pyridoxin (B6) | Biotin (B7) | Folsaier (B9) | Cobalamin (B12) | Ascorbinsaier (C) | Ergocalciferol (D2) | Cholecalciferol (D3) | Tocopherol (E) | Naphthoquinon (K)