Camembert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Kéiszort Camembert. Fir d'Uertschaft, kuckt w.e.g. Camembert (Orne). |
AOC Camembert de Normandie.
Camembert ass eng Zort Kéis aus Koumëllech, dee bannendra mëll bis zéi-leefeg ass an eng Kuuscht vu wäissem Edelschimmel huet.
E weit ronn 250 g, ass 3 cm déck an huet en Duerchmiesser vun 10 bis 11 cm.
De Camembert kënnt ursprénglech aus der Uertschaft Camembert an der Basse-Normandie. Traditionnell gëtt en aus réier, d.h. net-pasteuriséierter Mëllech gemaach.
Nëmmen d'Appellatioun Camembert de Normandie ass eng Appellation d'origine contrôlée, d.h. Kéis, deen esou heescht, kënnt och vun do, a muss och aus réier Mëllech gemaach ginn. Kéis, dee just "Camembert" heescht, kann iwwerall gemaach ginn. Wann en op industrieller Basis produzéiert gëtt, ass d'Mëllech meeschtens pasteuriséiert.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Camembert cheese – Biller, Videoen oder Audiodateien |