Veganismus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Veganismus ass zum Deel eng vegetaresch Ernierungsform déi just aus planzlecher Nahrung besteet.

All Liewensmëttel déi vun Déieren ofstamen, net nëmme Fleesch a Fësch, mä och Eeër, Mëllech an all Produkter déi doraus entstinn, gi bei dëser Ernierungsweis net giess.

Geféierlech bei dëser Ernierung ass, datt de Kierper net genuch Nährstoffer kritt, dofir mussen d'Liewensmëttel ganz prezis ausgewielt ginn fir datt kee Nährstoffmangel ensteet.

Kritesch ass et beim Eisen, dat bei planzlecher Nahrung méi schlecht absorbéiert gëtt wéi bei der Déierenahrung, Jod, Kalzium an d'Vitaminnen B6, B12 an D.

En aneren Deel vum Veganismus ass de Verzicht op alles wat vun Déieren hiergestallt gëtt, wéi z. B. Lieder, Woll a Plommen an alles wou een kann en Notzen vun Déieren hunn, wéi z. B. Reiden, d'Juegd oder den Zoo.

Kuckt och [änneren]

Laktovegetabil Ernierung

Ovolaktovegetabil Ernierung

Commons: Veganism – Biller, Videoen oder Audiodateien