Juegd

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hirschjuegd an der Steenzäit. Fielsmolerei, Barranco de Valltorta, Castellón, Spuenien.

D'Juegd bezeechent d'Aktioun vun engem Jeeër, déi doraus besteet, en Déier ze fannen, ze verfollegen, an et entweeder lieweg oder doudeg a säi Besëtz ze bréngen. Do wou d'Juegd gesetzlech gereegelt oder bestëmmt Leit virenthalen ass, gëtt déi onerlaabt Juegd mat Braconnage an de Jeeër mat Braconnier bezeechent.

Méi allgemeng ass Juegd oder Joen eng Handlung vu bestëmmte Liewewiesen, déi dora besteet, aner Liewewiesen ze fänken an doutzemaachen, fir se selwer z'iessen oder hir Nozuucht domat ze fidderen. A verschidde Géigende mécht de Mënsch dat haut nach aus där Ursaach.

Am iwwerdroene Sënn bezitt sech de Begrëff Juegd och op e Juegdrevéier oder eng Juegdgesellschaft, oder allgemeng op eng grouss ugeluecht Verfollgung respektiv Sich. An dësem Artikel gëtt d'Juegd beschriwwen, déi de Mënsch mécht, fir Wëld z'erleeën.

Aufgaben a Motiver[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech gouf aus verschiddene Grënn gejot:

  • fir sech z'ernieren;
  • fir Réimaterial ze besuergen, z. B. Pelzer, Haren, Geweier, mat deene Kleeder, Bijouen an aner Géigestänn gemaach goufen.

An neierer Zäit koume weider Grënn derbäi:

  • Ekologesch Grënn (Populatiounsdynamik, Natierlecht Gläichgewiicht, Ersatz vum ausgerottene Raubwëld, Epidemiebekämpfung);
  • Wirtschaftlech Grënn baussent der Juegd (z. B. Bestandsreguléierung, fir Wëldschied an der Forst- a Landwirtschaft ze verhënneren);
  • Fräizäitgestaltung;
  • gesellschaftlech Representatioun.

Déi opgezielt Motiver existéieren dacks niefteneen. Bei der Juegd spillt d'Heeg eng grouss Roll. Dozou zielt déi allerdéngs ëmstridde Wëldfidderung an den Ubau vu Wëldakeren, mat deenen ursprénglech d'Wëld sollt gehollef kréien, besser iwwer de Wanter ze kommen oder vun anere landwirtschaftleche Flächen ofgeleet sollt ginn. Am Kader vun der Heeg ginn och Moossname geholl, déi allgemeng den Ziler vum Naturschutz déngen, z. B. Schutz a Verbesserung vu Biotopen, Renaturéierungen, Heckeplanzungen. D'Ernierung ass e wichtegt Motiv fir d'Juegd well d'Fleeschqualitéit vum Wëld besser ass wéi déi vun Hausdéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn an der Alsteenzäit ass de Mënsch op d'Juegd gaangen. Jeeër a Sammler ass déi gängeg Bezeechnung fir Mënschen aus där Zäit. D'Juegd gouf haaptsächlech fir d'Beschafe vu Liewensmëttele bedriwwen an huet nieft Fleesch och wäertvoll Nieweprodukter geliwwert wéi Schanke fir Geschier, Fluten oder Konschtwierker a Pelzer fir Gezei, Schong, Decken, Zelter oder Täschen, Seene fir ze bitzen a fir Béi.

Wéi de Mënsch ëmmer méi siesshaft gouf a bis eng Partie Déierenaarten domestizéiert hat, ass d'Juegd mat allen hire Geforen a Schwieregkeeten als Liewensgrondlag ëmmer méi an den Hannergrond geroden. Schonn an den anticken Héichkulture gouf d'Juegd nieft dem Besuerge vun Iessen an nieft dem Agrëff an d'Natur fir ze reguléieren och schonn als Fräizäitaktivitéit ugesinn.

Juegdzorten[änneren | Quelltext änneren]

  • Grousswëldjuegd: Dës betrëfft grouss Raubdéieren oder och z. B. den Elefant an de Bison. Dës Juegd gouf haaptsächlech an Afrika, Asien an an Amerika ausgeüübt. Et huet laang gedauert, bis do Gesetzer koume fir déi Déierenaarten ze schützen, an dofir sinn der eng Partie bal guer net méi ze fannen, anerer si leider ganz vum Mënsch ausgerott ginn.
  • Héich- an Nidderwëldjuegd: Wat als Héichwëld betruecht gëtt, hänkt dacks vun der Legislatioun vum Land of. A verschiddene Länner gehéieren d'Réi zum Héichwëld, an aneren net.
  • Waasserjuegd gëtt haaptsächlech a Géigende mat ville bejobare Waasservulle gemaach, z. B. a Géigenden, wou vill Weiere sinn, oder um Bord vum Mier.
  • Ënnerwaasserjuegd.

Juegdmethoden[änneren | Quelltext änneren]

  1. Usëtz: De Jeeër lauert op enger bestëmmter Plaz op d'Wëld (dacks op engem Héichsëtz).
  2. Pirsch: De Jeeër schläicht duerch de Bësch a geet de Wiessele vum Wëld oder anere Spueren, déi d'Wëld hannerléisst, no.
  3. Klappjuegd: Dreiwer ginn duerch de Bësch a maache Kaméidi, fir datt d'Wëld soll an eng bestëmmt Richtung lafen, wou Jeeër mat Flënte stinn, déi et dann ofschéissen.
  4. Falestellerei.
  5. Baujuegd: Fir Wëld z'erleeën, dat an engem Bau lieft, wéi d'Kanéngercher oder d'Fiiss.

Juegdequipement[änneren | Quelltext änneren]

Fréier[änneren | Quelltext änneren]

Haut[änneren | Quelltext änneren]

Juegdrecht[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

D'Juegd zu Lëtzebuerg ass duerch d'Juegdgesetz vum 25. Mee 2011 gereegelt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Juegd zu Lëtzebuerg.

Kritik un der Juegd[änneren | Quelltext änneren]

Jeeër leeë Wäert op d'Feststellung, datt se hautdesdaags aner Missiounen hätten, déi méi wichteg wieren, wéi onbedéngt eppes erschéissen ze mussen. Si féieren aus, vill Jeeër wieren an Naturschutzveräiner, an ënnersträichen, datt dacks Jeeër mat Grënnungsmembere vu ville Veräiner a Sektiounen (z. B. vu verschiddene Vulleclibb) waren.

Fir si hätt d'Juegd haut haaptsächlech als Optrag, Wëld z'erhalen a wa méiglech nëmme Stécker z'erleeën, déi an der Iwwerzuel sinn, oder déi krank erauszesënneren.

Juegdkritiker halen deem entgéint, datt d'Natur sech selwer reguléiere géif, an et keen Agrëff vum Mënsch bräicht, an datt bestëmmt Problemer, déi duerch d'Juegd behuewe solle ginn, wéi z. B. d'Iwwerbevëlkerung vu bestëmmte Wëldzorten, duerch d'Jeeër selwer provozéiert géifen, andeems se z. B. an hirem Revéier d'Wëld am Wanter fidderen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Juegd – Biller, Videoen oder Audiodateien