Béier (Gedrénks)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Béier am allgemengen. Fir Lëtzbuerger Brauereien a Béierzorten, kuckt w.e.g. Lëtzebuerger Béier.
Nuvola apps kteatime.png Dëse Gedrénksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Glas Béier

De Béier ass en alkoholescht, kuelesaierhaltegt Gedrénks, dat aus de Grondmëttelen Waasser, Happ a Malz hiergestallt gëtt, déi duerch den Zousaatz vun Hief ee Gärungsprozess duerchlafen a sech dobäi biochemesch veränneren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn am ale Mesopotamien, also virun ongeféier 6500 Joer, hunn d'Leit well e béierähnlecht Gedrénks hiergestallt. Déi al Egypter hunn hallef gebaackent Brout mat Waasser vergäre gelooss an d'Resultat dovu war ebenfalls eng Zort Béier. Bei de Réimer huet de Béier „cervesia“ geheescht, no der Gëttin vun den Feldfriichten „ceres“. D'Klouschterbrauereien am Mëttelalter hunn de geregelte Braubetrib agefouert. Zu där Zäit huet de Béier och als ideaalt Gedrénks fir Kanner gegollt well et gréisstendeels keimfräi war (wat ee vum Waasser net behaapte konnt) an den Alkoholgehalt méi niddreg war wéi haut. Am spéide Mëttelalter war d'Produktioun an de Genoss vum Béier a groussen Deeler vu Mëtteleuropa verbreet.

1842 war e wichtegt Joer an der Geschicht vum Béier, well du fir d'éischt Kéier Béier no der Pilsner Brauart gebraut gouf. Bis haut ass de Pils dee meeschtegdronkene Béier weltwäit.

Hautdesdaags ass de Béier nom Wäin dat meeschtkonsuméiert alkoholescht Gedrénks op der Welt.

Zorten[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet e graff tëscht 2 Grondzorte vu Béier, an zwar tëscht uewer- an ënnergäregem Béier. Zum uewergäregen Béier gehéieren z. B. Alt, Kölsch oder Weizen (och "Weißbier" gennant). Zum Grupp vum ënnergäregem Béier gehéieren de Pils, Schwaarzbéier an déi meescht Festbéieren.

De Lambic, eng weider Zort vu Béier baséiert op enger spontaner Gärung, déi duerch d'Hiefzorten Brettanomyces bruxellensis a Brettanomyces lambicus ageleet gëtt. Dës zwou Hiefzorten sinn nëmmen an der Géigend vu Bréissel, haaptsächlech am Pajottenland, am Dall vun der Senne, an der Loft ze fannen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rachel Reckinger, 2008. De Béier. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 311-316. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Béier – Biller, Videoen oder Audiodateien