Wäin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kteatime.png Dëse Gedrénksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Oakagingcolour.jpg

De Wäin (lat. vinum) ass e Gedrénks dat aus dem Jus vun den Drauwen duerch alkoholesch Gärung gemaach gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Schonn déi al Egypter hu misse léieren de Wäin a Moossen ze genéissen

De Wäi war schonn am 4. Joerdausend viru Christus bekannt an dat am ganze Mëttelmierraum.

Vun de Réimer, de Sumerer an den Egypter ass bekannt datt si hire Wéngerte schonn Nimm ginn hunn, an déi bescht Cruse beschriwwen an diskutéiert hunn. D'Géigend ëm Phenizien a Syrien, déi aus der Bibel als d'Land Kanaan bekannt ass, war déizäit berühmt fir hire gudde Wäin. Vun Daha, enger Géigend am Land Kanaan, hunn egyptesch Chroniquë geschriwwen: An de Keltere vun Daha ass de Wäin sou fëlleg wéi d'Waasser.

No der Bibel haten d'Hebräer aus Kanaan eng Drauf matbruecht, datt et zwéi Männer gebraucht huet fir se droen. Am alen Testament fënnt e vill Plaze, wou iwwer Wäi geschriwwen ass.

D'Réimer hu schonn de bescht Crusen an Italien definéiert. Als éischt koum Falerno am Süde vu Roum, wou den Domaine Faustus déizäit als déi bescht Lag consideréiert gouf. Direkt duerno koumen d'Wäiner vun Alba, déi haut als Colli Albani bekannt sinn.

Vu Pompéi ass bekannt datt de Wäinhandel do sou e gutt Geschäft war, datt e Wäinhändler sou räich war datt en een Theater, an den Amphitheater baue konnt.

Bei de Réimer waren och d'Wäiner aus Spuenien, Griicheland an, zur Keeserzäit, déi aus Gallien, vum Rhäin a vun der Donau beléift.

Roll vun de Kléischter[änneren | Quelltext änneren]

D'Kultur vun de Riewe war haaptsächlech un d'Liewensweis aus dem Mëttelmierraum gebonnen. Nërdlech vun den Alpen, war de Wäibau deen eng buedemstänneg Aktivitéiet ass, stark duerch d'Invasiounen aus dem Norden an dem Osten a Gefor.

Et war nach just d'Kierch, déi Wäi gebraucht huet, a sech dofir ëm dës Kultur bekëmmert huet, an déi et fäerdeg bruecht huet, datt de Wäin nërdlech vun den Alpen net ganz veschwonnen ass.

Sou koum datt am fréie Mëttelalter just Wéngerte ronderëm d'Kléischter an d'Kathedrale stoungen. D'Pateren hu sech awer net nëmmen domat ofgi fir Wäin ze maachen, mä si hu sech vill Méi gi fir en ze verbesseren.

D'Zisterzienser aus der Bourgogne, waren déi éischt déi de Buedem ënnersicht hunn, an doduerch déi bescht Parzelle fir Wéngerten erausfonnt hunn. Si hu ganz genee Buch geféiert wou am mannste Fraschtgefor war, a wou d'Drauwen am beschte gutt zeideg goufen. Si hunn och Eyperimenter am Schnëtt an am Béige vun de Riewe gemaach. Ëm déi bescht Wéngerten hu se Mauere gebaut. Déi bekannte Clos, a sief och dacks nëmme méi duerch den Numm, sinn d'Zeien dovun.

An Däitschland waren et d'Patere vum Klouschter Eberbach déi eng grouss Roll am däitsche Wäibau am Rheingau gespillt hunn.

Wäin am Handel[änneren | Quelltext änneren]

D'Wäinhändlergild vun Amsterdam, Uelegbild vum hollännesche Moler Ferdinand Bol (1616-1680)

De Wäin war an der Zäit vum 5. bis 10. Joerhonnert eng beleiften Handels- an Tauschwuer, besonnescht tëscht dem Festland an England. Wéinst de Piraten déi et déizäit op alle Miere gouf, hunn d'Schëffer, déi mat Wäi geluede waren, hir Charge ënner beschter Geheimhaltung opgeholl, an hu sech sou heemlech wéi nëmme méiglech aus der Mëndung vum Rhäin, oder vu Bordeaux aus op de Wee no Norde gemaach. Wéinst de grousse Fässer, war d'Schëff och dat beléifstent Transportmëttel fir de Wäin, besonnesch do wou grouss Flëss d'Schëfffaart méiglech gemaach hunn.

Well d'Waasserqualitéit, besonnesch an de Stied, vill ze wënschen iwwreg gelooss huet, gouf dëst dacks mat Wäi vermëscht, fir datt et en eenegermoossen acceptable Gout sollt kréien. 1542 huet den Andrew Boorde geschriwwen: Waasser eleng ass kee gutt Gedrénks fir d'Englänner.

Am 14. Joerhonnert war d'Exportatioun vum Bordeaux-Wäin no England sou grouss, datt se de Chiffre vun deemools, eréischt 1979 konnt iwwerdubberen.

De Kinnek Edward II. vun England hat 1308, fir seng Hochzäit mat der Isabelle de France, méi wéi eng Millioun Fläsche bestallt, an dräi Joerhonnerte méi spéit goufen an England, bei enger Bevëlkerung vu 6,1 Millioune Leit, iwwer 40 Millionue Fläschen am Joer gedronk.

Hierstellung vum Wäin[änneren | Quelltext änneren]

Lies[änneren | Quelltext änneren]

D'Lies an d'Keltere vum Wäin (1498)

D'Zäit vun der Lies variéiert mat dem Wieder an haaptsächlech mat den Temperaturen an der Zäit just virun, an no der Bléi. A Süd- Mëttel an Nordeuropa ass dat tëscht Enn August bis an de November eran.

A ville Länner wou de Wäin eng Appelation contrôlée ka kréien, ginn d'Datumme vum Ufank vun der Lies all Joer iwwer e Reglement festgeluecht. Déi Reglementer riichte sech haaptsächlech nom Zäitpunkt vun der Bléi, kënnen awer, wann extrem gutt Wiederkonditioune waren, revidéiert an no vir verluecht ginn.

Déi lescht Riewen déi gelies ginn, sinn déi wou den Äiswäin dovu gemaach gëtt.

Wäisse Wäin[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou den Artikel Wäisse Wäin.

De wäisse Wäin kënnt bei senger Zoubereedung praktesch guer net bis iwwerhaapt net mat der Schuel a Kontakt a kann dofir nëmme ganz wéineg Faarfstoffer ophuelen.

Roude Wäin[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou den Artikel Roude Wäin.

De roude Wäin gëtt aus donkelhaitegen Drauwe gemaach. Si hu bei der Zoubereedung laang Kontakt mat de Schuelen. Duerch den Alkohol deen dobäi entsteet an déi héich Temperatur léist sech d'Schuel a fierft de Wäin.

Rosé[änneren | Quelltext änneren]

Wann de Jus bei der Zoubereedung vun de rouden Drauwen no enger ganz kuerzer Maischstandzäit ofgepresst gëtt entsteet Rosé.


Riefzorten[änneren | Quelltext änneren]

D'Riefzort entscheet iwwer de Charakter vum Wäin. Et gëtt op der Welt tëscht 17.000 an 20.000 verschidde Riefzorten. E Véirel vun der Weltrieffläch gëtt vun enger Dose Riefzorten beluecht. De Rescht vun den Zorten deelen sech déi aner 3/4. Déi bekanntst si wuel de Cabernet Sauvignon, de Chardonnay, de Shiraz, de Merlot, de Sauvignon Blanc an de Riesling.

Gesondheet an de Wäin[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Rachel Reckinger, 2008. De Wäin. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 305-310. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wäin – Biller, Videoen oder Audiodateien