Spelz
| Spelz | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Triticum spelta |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Triticum spelta „L.“ |
|||||||||||||||||
Spelz (Triticum spelta L.) ass eng Fruuchtzort, déi als Virleefer vum haitege Weess gëllt.
An anere Sproochen heescht de Spelz: • de.: Dinkel • en.: spelt • fr.: épeautre • it.: spelta • esp.: espelta.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Bis virun honnert Joer war de Spelz an Europa wäit verbreet a gouf dunn allerdéngs vum Weess ëmmer méi verdrängt an dat bis déi nei Naturkaschternierung erëm entdeckt gouf. Spelz fënnt een dowéinst erëm méi op de Felder, wat absëns zeréckzeféieren ass op Efforten an déi Richtung vum ökologeschen Akerbau. Zu Lëtzebuerg ass et apaart d'Spelzgenossenschaft Naturpark Öewersauer, déi d'Virdeeler vum Spelz ze schätze weess.
[änneren] Gebrauch
De Lëtzebuerger Spelz gëtt virun allem fir Brout, Béier an Deegwuere gebraucht. Spelz gëtt an der Vollwäertkichen erëm vill gebraucht an e kann als Zousaz fir Kniddelen, Zoppen a Gratin benotzt ginn.
D' Brauerei Simon vu Wolz braut zënter e puer Joer e Spelzbéier mam Numm Simon Dinkel.[1]
[änneren] Eegeschaften
Spelz ass net exigent wat de Buedem ugeet, en ass robust an net besonnesch krankheetsufälleg. Dozou kënnt, datt Spelz net mat anere Fruuchtzorte gekräizt ginn ass, well e relativ schwéier ze verschaffen ass, an doduerch seng ursprénglech Eegeschafte behale konnt, deenen eng besser gesondheetlech Verdreeglechkeet zougeschriwwe gëtt. Spelz huet e wierzegen a nëssege Goût.
[änneren] Inhaltsstoffer
Spelz enthällt vill Magnesium, Eisen, Zénk a Mangan.
[änneren] Gesondheetswäert
Spelz ass net glutenfräi, dofir solle Leit, déi mat Zöliakie geplot sinn, kee Spelz iessen.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Spelt – Biller, Videoen oder Audiodateien |