Bléieplanzen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Bléieplanzen | |||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Ieselsfouss, Ieselshouf |
|||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||
|
|||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||
| Magnoliophyta |
|||||||||
| Klassen | |||||||||
D'Bléieplanzen sinn di gréissten an di bescht erfuerschten Ofdeelung vun de Somplanzen. Mat gutt 80 % vun alle Planzenaarten stelle si di gréisste Grupp bei de Gefässplanzen.
[Änneren] Liewensraum a Liewensweis
D'Bléieplanzen hunn all Bléien, Som oder Friichten. Si wuessen als Sträicher, Beem, Stauden oder Kréider. Zwee Drëttel wuessen haaptsächlech an den Tropen, obwuel ee Bléieplanzen iwwerall op der Welt ka begéinen.
[Änneren] Systematik
Et ginn ongeféier 600 Familljen an tëscht 200.000 an 300.000 Aarte vu Bléieplanzen. Traditionell gesinn, gi si an zwou Klassen agedeelt:
- d'Planze mat engem Keimblat, Liliopsida (de: Einkeimblättrige)
- d'Planze mat zwee Keimblieder, Magnoliopsida (de: Zweikeimblättrige)
déi hirersäits och erëm an zwou Kategorien agedeelt sinn, an zwar a Planze mat zwee Keimblieder a:
-
- mat enger Fou: Magnoliopsida (de: Einfurchenpollen-Zweikeimblättrige)
- mat dräi Fouen: Rosopsida (de: Dreifurchenpollen-Zweikeimblättrige)
Et gi verschidde Systemer fir d'Bléieplanzen z'ënnerdeelen. Déi fir d'Wikipedia üblech gebrauchte Systematik ass déi vun der Angiosperm Phylogeny Group.
Kuckt och d'Systematik vun de Bléieplanzen.

