Carl von Linné

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Carl von Linné

De Carl Linnaeus oder Carl Nilsson Linnaeus, an nodeems en am Joer 1762 geadelt gouf, Carl von Linné, gebuer den 23. Mee 1707 zu Råshult a Südschweden, a gestuerwen den 10. Januar 1778 zu Uppsala, war e schwedeschen Naturfuerscher.

Hien huet d'Taxonomie, eng binär Nomenklatur, agefouert an huet domadder d'Grondlag geschafe vun der botanescher Fachsprooch. Hien huet de Linné-System vum Planzeräich agefouert.

Säi Liewen [änneren]

De Carl Linnaeus huet seng Medezinstudien op der Universitéit zu Lund ugefaangen. Et huet dunn awer op d'Universitéit vun Uppsala gewiesselt, well do d'Botanik, säi Lieblingsfach, méi grouss geschriwwe gouf. Während senge Studien huet hien eng Expeditioun a Lappland gemaach, wou hien d'Planzewelt do méi genee studéiere konnt.

Wéinst dem villen Duercherneen, deen an der Andeelung vun der Planzewelt war, huet hien ugefaangen en eegene System z'entwéckelen. Dës Systematik huet hien a sengem Wierk, dem Systema naturae verëffentlecht.

1751 huet hien en zweet Buch erausginn, woudranner hie säi System vun den Nimm virgestallt huet. No dësem System ginn haut nach d'Aarte vun de Liewewiese benannt: all Déieren a Planzen hunn en zweedeelegen Numm, wou deen éischten Deel den Numm vun der Gattung an deen zweeten den Numm vun der Aart ass.


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Carl von Linné – Biller, Videoen oder Audiodateien