Kar (Planz)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Fruuchtzort Kar. Fir d'Gefier, kuckt w.e.g. Kar (Gefier). |
| Kar | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Secale cereale |
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Secale cereale L., 1753 |
|||||||||||||||||
Kar (Secale cereale; de: Roggen; fr: seigle), eng vun de Kar-Aarten (Secale), ass eng Fruucht-Aart, déi an den temperéierten Zone wiisst. Et gëtt Summer- a Wanterkar, woubäi a Mëtteleuropa bal nëmme Wanterkar ugebaut gëtt.
Kar ass besser un e killt an dréchent Klima ugepasst ewéi Weess. Kar ass keng klassesch Fruuchtaart, déi et schonns an der Antikitéit gouf. Villméi gëtt ugeholl, datt e virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessfelder vu Klengasien opkoum a mat rekoltéiert gouf[1].
Kar gëtt a Mëttel- an Osteuropa geholl, fir Brout aus sengem Miel ze maachen. Soss doruechter gëtt et och als Déierefudder geholl. Kar kann och zu Alkohol verschafft ("gebrannt") ginn (Kardrëpp), vereenzelt gëtt et geholl, fir Bio-Ethanol ze produzéieren.
Am 19. Joerhonnert gouf de Kar nëmmen op liichte (sandege) Bieden a Rengkultur geséit. Wou de Buedem fir reng Weesskultur net gutt genuch war, ass bewosst eng Mëschung vu Kar a Weess geséit ginn[2].
Inhaltsverzeechnes |
Zesummesetzung [änneren]
Waasser 9 % Protein 12 % Fett 2,5 % Kuelenhydrater 65 % Ballaststoffer 9,5 % Mineralstoffer 2 %
Donnéeë fir 100 g
Brennwäert 1400 kJ
Mineralstoffer [änneren]
Calcium 33 mg Eisen 2,67 mg Magnesium 121 mg Phosphor 374 mg Kalium 264 mg Natrium 6 mg Zénk 3,73 mg Koffer 0,450 mg Mangan 2,680 mg Selen 0,035 mg
Vitaminnen [änneren]
Thiamin 0,316 mg Riboflavin 0,251 mg Niacin 4,270 mg Pantothensaier 1,456 mg Vitamin B6 0,294 mg Folsaier 0,060 mg Vitamin E 1,870 mg Alpha-Tocopherol 1,280 mg
Aminosaieren [änneren]
Tryptophan 0,154 g Threonin 0,532 g Isoleucin 0,549 g Leucin 0,980 g Lysin 0,605 g Methionin 0,248 g Cystin 0,329 g Phenylalanin 0,674 g Tyrosin 0,339 g Valin 0,747 g Arginin 0,813 g Histidin 0,367 g Alanin 0,711 g Asparagin 1,177 g Glutamin 3,661 g Glycin 0,701 g Prolin 1,491 g Serin 0,681 g
Et gëtt eng modern Kräizung tëscht Kar a Weess, Triticale, déi d'Proprietéite vun deenen zwou Arte vereenegt.
Déi gréisste Karproduzenten op der Welt [änneren]
No der FAO goufen 2005 weltwäit 15,5 Mio. t Kar recoltéiert. Der Rei no sinn dat, no Land:
| Rang | Land | Quantitéit (an Dausend Tonnen) |
Plaz | Land | Quantitéit (an Dausend t) |
|---|---|---|---|---|---|
| 1 | Russesch Federatioun | 3.630 | 9 | Tschechesch Republik | 197 |
| 2 | Polen | 3.359 | 10 | USA | 191 |
| 3 | Däitschland | 2.794 | 11 | Éisträich | 164 |
| 4 | Ukrain | 1.184 | 12 | Frankräich | 149 |
| 5 | Wäissrussland | 1.155 | 13 | Dänemark | 132 |
| 6 | China | 748 | 14 | Spuenien | 126 |
| 7 | Kanada | 367 | 15 | Schweden | 112 |
| 8 | Tierkei | 260 | Welt | 15.515 |
Source: FAO, Faostat, 2006[3]
Referenzen [änneren]
- ↑ A Géigende mat rauem Klima ass den Undeel u Kar an der Rekolt no an no geklommen, fir op ganz aarme Bieden a kille Gebidder praktesch 100% vun der Rekolt auszemaachen. Sou erkläert sech déi fréier staark Dominanz vum "Kuarren" am Éislek grad esou wéi an deene meeschte méi héich geleeëne Gebidder an Europa.
- ↑ Dës Mëschung gëtt op Franséisch méteil genannt. Cf. pp. 113-114 in: Fischer, Eugène, 1860. Notices historiques sur la situation agricole du grand-duché de Luxembourg. 254 p. 2e éd. V. Bück, Luxembourg.
- ↑ FAO, Faostat [1], Statistik vun der FAO 2006
Literatur [änneren]
- Miedaner, Thomas, 2007. Roggen - Getreide mit Zukunft! 190 S. Roggenforum e.V. (Hrsg.). DLG-Verlag. ISBN 978-3-7690-0687-2.
- Reiner, L., 1979. Winterroggen aktuell. DLG Verlag.
- Schiemann, Elisabeth, 1948. Weizen, Roggen, Gerste. Systematik, Geschichte und Verwendung. Fischer-Verlag Jena.
| Commons: Kar – Biller, Videoen oder Audiodateien |