Eschatologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Eschatologie (v. gr. εσχατα - "déi lescht Saachen") ass eng theologesch Disziplin déi sech mat de sougenannte leschte Saache beschäftegt. Dës lescht Saache sinn no chrëschtlecher Opfaassung den Doud, de jéngsten Dag, den Himmel an d'Häll. Dës lescht Saache betreffen esouwuel dat perséinlecht Liewensenn (individuell Eschatologie) ewéi och d'Enn vum Universum (universal Eschatologie)

Chrëschtlech Eschatologie [änneren]

Fir d'Chrëschtentum ass d'Eschatologie vu grousser Bedeitung aus e puer Ursaachen. No chrëschtlecher Opfaassung:

  • huet nämlech dat eschatologescht Zäitalter (i. e. d'Gottesherrschaft) schonns ugefaang, nämlech mat der Menschwerdung vu Gott (cf. Jesus Christus). Dëst beschreift treffend d'Gläichnes vum Sauerdeeg (Mt 13,33). Och de Paulus schreift (z. B. Ph 3) vun der sougenannter eschatologescher Spannung, d. h. d'Räich Gottes ass deelweis elo schonns present awer nach net ganz.
  • betrëfft se all Mënsch, op e gleeweg ass oder net ("metaphysesche Selbstmord" (ech gleewen näischt, da geschitt mer och näischt) ass net méiglech)
  • ass se onauswäichlech; genee ewéi den Universum en Ufank huet, esou huet en och en Enn.

Iwwer dat wat sech elo konkret um Enn vun der Zäit ze erwarden ass ka kaum eppes genaues gesot ginn. A fréieren Zäiten goufen et dofir ergräifend an erschreckend Duerstellungen, déi sech op déi apokalyptesch Literatur baséiert hunn. Haut versteet een dës Erzielungen net méi als Virausreportage iwwert dat wat soll kommen. Wichteg sinn awer ëmmer nach verschidde biblesch Texter, z. B. den Text iwwert d'jéngst Geriicht (Mt 25), dat op e perséinlecht Begéine vu Gott hiweist, an déi sougenannt Séilegpreisungen aus der Biergpriedegt (Mt 5), déi vun enger Aart Belounung am Räich Gottes schwätzen fir Saachen déi op der Welt geschitt sinn.

Commons: Eschatology – Biller, Videoen oder Audiodateien