Feierdag

Vu Wikipedia

E Feierdag ass en Dag vun engem zivillen oder reliéise Fest oder op deem un en Evenement erënnert gëtt.

Et ass gemenkerhand en Dag op deem net geschafft gëtt. All Kulturen a Vëlker feiere reegelméisseg bestëmmt Evenementer vu gesellschaftlecher oder reliéiser Bedeitung. Déi Deeg sinn dacks duerch d'Gesetzer vun den eenzele Länner festgeluecht. Et schwätzt een da vu gesetzleche Feierdeeg.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

De Begrëff Feierdag mécht am Allgemengen den Ënnerscheed tëscht de Schaffdeeg an de Roudeeg an enger Woch, gemenkerhand dem Weekend. D'Roudeeg an der Woch si Feierdeeg déi ëmmer erëm kommen a se hu meeschtens e reliéisen Ursprong. Fir d'Chrëschtentum zielt - a Gedanken un d'Operstéiung vu Christus den éischten Dag vun der Woch, de Sonndeg, als Festdag. D'Juddentum feiert de Samschdeg (Sabbat) als Undenken un de siwenten Dag vun der Schëpfung, op deem Gott sech ausgerout huet. Am Islam ass et de Freideg, op deem d'Mëttesgebiet (Salāt) an der Gemeinschaft gebiet gëtt an der Priedeger (Chatib) eng Freidespriedegt (Chutba) hält.

Aarte vu Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Reliéis Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Politesch a kalendaresch Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Fest a variabel Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Fest Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Fest Feierdeeg sinn ëmmer um selwechten Dag (Datum) vum Joer. Wichteg Feierdeeg, déi a villen europäesche Länner gëllen, sinn:

Variabel Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]

Déi variabel (beweeglech) Feierdeeg hänken am Kierchejoer haaptsächlech vum Moundkalenner vun der jiddescher Traditioun of. Si sinn all Joer op engem aneren Datum an hänke gréisstendeels (ausser z. B. de Bouss- a Bieddag), vum Datum vun Ouschteren of.

A ville Länner an Europa an an Amerika gëlle follgend variabel Feierdeeg och als gesetzleche Feierdeeg:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Feierdag – Biller, Videoen oder Audiodateien