Liechtenstein
| Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Fürstentum Liechtenstein | |||||
|
|||||
| National Devise: Für Gott, Fürst und Vaterland | |||||
| Offiziell Sprooch: | Däitsch | ||||
| Haaptstad: | Vaduz | ||||
| Staatsform: | Konstitutionell Monarchie | ||||
| • Fürst: | Hans Adam II. | ||||
| • Premierminister: | Klaus Tschütscher | ||||
| Fläch: | 160,475 [1] km² | ||||
| Bevëlkerung: | 35 174 [2] | ||||
| Onofhängegkeet: | 1806 | ||||
| Nationalfeierdag: | 15. August | ||||
| Nationalhymn: | Oben am jungen Rhein (Lauschteren) |
||||
| Währung: | Schwäizer Frang | ||||
| Zäitzon: | UTC +1 | ||||
| Internet TLD: | .li | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+423 | ||||
D'Fürstentum Liechtenstein ass e butzegen europäesche Staat an der Alperegioun, agekäilt tëscht der Schwäiz an Éisträich.
Liechtenstein ass eng konstitutionell Ierfmonarchie op demokratesch-parlamentarescher Basis. Zënter 1923 ass d'Fürstentum an Zoll- a Währungsunioun mat der Schwäiz. Liechtenstein ass Member an der EFTA, huet awer, anescht wéi d'Schwäiz, zousätzlech nach den Accord iwwert den Espace Économique Européen ënnerschriwwen a kann dowéinst och vun engem direkten Zougank op den europäesche Marché profitéieren.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie [änneren]
Liechtenstein huet eng Fläch vu ronn 160 Quadratkilometer [1] an am Ganze 77,9 km Staatsgrenz. Am Westen a Süde grenzt d'Land op der Schwäizer Grenz un d'Kantone St.Gallen a Graubünden, am Osten an Norden un d'éisträichescht Bundesland Vorarlberg.
Laanscht d'Westgrenz mat der Schwäiz leeft de Rhäin (Oberrhein). De Rhäindall hëlt bal d'Hallschent vum Territoire an, an ass dann och déi Géigend déi landwirtschaftlech ze gebrauchen ass, an an där déi meescht Leit wunnen. Sand, Torf, Leem an äerde Biedem ginn am Rhäindall aneneen iwwer.
De Rescht vum Land ass geologesch an topographesch vu Gestengs a Bierger dominéiert. D'Ausleefer vum Rätikon, engem Deel vun den Ostalpen, zéie sech vum Süde bis an den Nordosten. Héchste Punkt, ganz am Süde vum Land, ass mat mat 2 599 Meter de Bierg Grauspitz. D'Ruggeller Riet -am Norde vum Fürstentum- ass den déifste Punkt a läit op enger Héicht vu 430 Meter.
Kultur [änneren]
Den Nationalfeierdag vu Liechtenstein ass de 15. August, op Léiffrawëschdag. Gefeiert gëtt de Gebuertsdag vum fréiere Monarch Fürst Franz Josef II. (1906–1989), deem säin Dag usech zwar de 16. August ass, mä awer schonn zënter 1940 mam chrëschtleche Feierdag zesummegeluecht gëtt. Den Dag ass och nom Doud vum Fürst bäigehale ginn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Liechtenstein – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ 1,0 1,1 Nodeems d'Grenzen 2006 nei vermoosst gi sinn, gouf gewisen, datt Liechtenstein vun der Fläch hier eng 50 Foussballterraine méi grouss ass wéi laang Zäit geduecht.
Sourcen: Focus Online an msnbc (August 2007) - ↑ Stand: 31. Dezember 2006,
Source: Statistische Information, Landesverwaltung Liechtenstein