Këndel
Këndel ass e Gebäck, dat zu Lëtzebuerg laanscht d'Musel u Chrëschtdag oder op Neijoerschdag de Kanner vun hirem Pätter oder hirer Giedel geschenkt gëtt.
En ass aus engem Hiefdeeg an huet d'Form vun engem gewéckelte Bëbee, deen dat neigebuerent Joer symboliséiere soll. Nogewise gi kann e bis an d'18. Joerhonnert zréck; et gëtt ugeholl, datt den Numm aus der Period, wou d'Herzogtum Lëtzebuerg zu Éisträich gehéiert huet, gi gouf.
Mä wéi all déi sougenannt "Gebildebrouter" geet de Brauch mat grousser Wahrscheinlechkeet a virchrëschtlech Zäit zréck. Dem Edmond de la Fontaine no geet d'Këndel op de Jullagalt zréck, e Kuch a Form vun engem Béier.
Dacks gëtt eng Mënz an de Këndel (dat och alt Chrëschtjong genannt gouf) agebak. Fréier war et esou, datt, wann d'Kand bis 12 Joer hat, amplaz dovunner en Holzspoun dra war (et gouf dann och "de Spoun" genannt), fir unzedeiten, datt dëst fir d'Lescht war datt en e Këndel krut. "Verspéinen" huet fréier d'Ëntwinne vun der Mammebroscht geheescht.
Literatur [änneren]
- Edmond de la Fontaine: Luxemburger Sitten und Bräuche, Lëtzebuerg, Editions Emile Borschette, 5. Oplo 1995, S. 17 (Éischtoplo 1883).