Mënz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Economiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Mënz, (lat.: moneta), ass e Geldmëttel, dat meeschtens aus Metall geprägt, munnechmol och aus Metall gegoss ass. Si huet am allgemengen eng ronn Form. Eng Mënz huet zwou Säiten: déi viischt Säit heescht an der Numismatik Avers am Géigesaz zur Récksäit, déi Revers heescht.
Et ginn och reng Gedenkmënzen, déi net ëmmer als Währungsmëttel zougelooss sinn.
[änneren] Geschicht
An der Virgeschicht gouf mat spezielle Steng (z. B. Silex) oder Muschelen bezuelt (Primitivgeld). Déi éischt Mënzen aus Metall goufe 2000 Joer virun eiser Zäitrechnung als Geldmëttel benotzt. Déi éischt Mënzen mat Bildprägung goufen am Joer -549 a Lydien, ënnert dem Kinnek Kroisos geprägt; d'Bild huet eng Deckelsmouk duergestallt.
| Commons: Mënzen – Biller, Videoen oder Audiodateien |