Spënn

Vu Wikipedia

Spënn, och alt Spenn oder Spéin, ass de lëtzebuergeschen Ausdrock fir Mammemëllech.

"Spéinen" ass d'Verb, dat ausdréckt, datt e Kand vun der Mëllech entwinnt gëtt, deemno net méi geniert gëtt.

Vun deem Begrëff si verschidden Ausdréck ofgeleet, déi d'Luxemburger Wörterbuch ernimmt:

  • d'Spënn geet net
  • verklaust Spënn, vum Verb verklausen, dat no an no ofhuele bedeit
  • Béier mécht Spënn
  • hausmaacher Béier war dat bescht fir d'Spënn an de Gank ze kréien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]