Abrëllsgeck
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Abrëllsgeck ass een, dee den 1. Abrëll opgrond vun engem Abrëllswitz ugeschmiert gëtt. Et besteet de Brauch, den 1. Abrëll ee vun der Famill oder e Bekannten unzeschmieren, doduerch datt een him eng ophänkt: Entweder, datt een him eng Onwourecht erzielt oder him en Opdrag gëtt, duerch deen hie sech blaméiert. De Liichtgleewege kritt dann ze héiren: Abrëllsgeck, stiech deng Nues an de Kéidreck.
Et ass och Usus, dat deen Dag d'Medien, wéi d'Zeitungen, de Radio an d'Televisioun, probéiren, hir Lieser, Nolauschterer oder Telespectateure kollektiv unzeschmieren, zum Beispill, andeem se opgrond vun enger net gleewbarer Geschicht d'Leit invitéieren, op eng Manifestatioun ze kommen, déi net stattfënt.
Dëse Brauch gëtt et net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä a ville Länner. An Däitschland geet vun engem Aprilscherz Rieds, a Frankräich vum poisson d'avril, an England vum April Fool's Day.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Abrëllsgeck – Biller, Videoen oder Audiodateien |