Barcelona

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Barcelona
Vue iwwer Barcelona
Vue iwwer Barcelona
Land Flag of Spain.svg Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Katalounien
Provënz : Barcelona
Fläch : 100,40 km²
Awunner : 1.595.110 Aw.  (INE 2007)
Koordinaten : Gnome-globe.svg41° 24’ 00’’ N
     02° 10’ 00’’ O
Lag vu Barcelona a Spuenien
Uertschaften - Autonom Gemeinschaften - Provënzen
Barcelona am Joer 1929
De Museu d'Art de Catalyuna

Barcelona ass d'Haaptstad vun der spuenescher Provënz Barcelona a vun der autonomer Regioun Katalounien.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Barcelona läit um Mëttelmier am Nordoste vu Spuenien, ongeféier 160 km südlech vun de Pyrenäen an der Grenz mat Frankräich. Et ass déi zweetgréisst Stad a Spuenien an déi gréisst a Katalounien. Mat de Viruerter liewen do ronn 3 Mio. Leit.

Distrikter[änneren | Quelltext änneren]

D'Distrikter vu Barcelona

Barcelona ass an 10 Distrikter agedeelt:

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Barcelona huet e Mëttelmierklima. An alle Joreszäite sinn d'Temperaturen agreabel mat meeschtens sonnegen Deeg. Den August ass de wäermste Mount mat ëm déi 30 Grad, tëscht dem November an dem Februar leien d'Temperaturen am Duerchschnëtt bei 12 Grad.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vu Barcelona huet virun 2000 Joer mat der iberescher Uertschaft Barkeno ugefaangen. Déi Uertschaft louch op engem Küstenofschnëtt tëscht dem Collserola-Kamm an dem Mëttelmier um Wee vun Zentraleuropa bis op d'Iberesch Hallefinsel.

Kultur a Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Barcelona huet eng laang Geschicht, an et fënnt ee vill Bauwierker aus der Romanik, Gotik, Renaissance oder souguer nach méi al Epochen. Ëm d'Joerhonnertwenn war Barcelona en Zentrum vum modernistesche Stil, an et war haaptsächlech den Antoni Gaudí, deen zesumme mat aneren der Stad en neit Gesiicht ginn huet. Déi bekanntst Gebaier sinn d'Sagrada Familia, d'Casa Milà, de Park Güell oder nach d'Casa Batlló. Kuckeswäert ass och dat typescht Spuenescht Duerf, dat zu Barcelona nogebaut gouf.

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

Déi grouss Auswiel vu Muséeën zu Barcelona bitt Informatioune vun zäitgenëssescher Konscht bis hin zu romanesche Fresken.

1985 hunn d'Renovatiounsaarbechten un alle städtesche Muséeën ugefaangen an déi meescht si mëttlerweil erëm fir déi Interesséiert op. Déi wichtegst Musséeë sinn:

  • de Museu Frederic Marès mat enger bedeitender Skulpturesammlung vu Spuenien
  • de Museu Picasso, dee meescht besichtene Musée mat Wierker vum moderne Kënschtler aus senger Ufängerzäit
  • d'Fundació Joan Miró, vum Miró selwer gegrënnt, fënnt een hei Wierker vun him, vu sengen éischten Zeechnungen am Joer 1901 bis zu senge leschte Monumentalbiller
  • de Museu d'Art de Catalyna, mat weltwäit eenzegartege romanesche Konschtwierker
  • de Centre de Cultura Contemporània, den Zentrum fir zäitgenëssesch Konscht
  • de Museu d'Història de la Ciutat, de Stadmusée an de Katakombe mat katalanescher Geschicht
  • de Museu Castell de Montjuïc & Museu Militar, eng fréier Festungsanlag mat enger Ausstellung vu Waffen an Uniformen, a vun deem aus een eng Vue iwwer ganz Barcelona huet.
Vue iwwer Barcelona vum Nationalmusée aus

Kulturierfschaften[änneren | Quelltext änneren]

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

Partnerstied[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Barcelona – Biller, Videoen oder Audiodateien