Parc Güell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Tuerm bei der Entrée vum Parc
D'Entrée vum Parc
Salamander Statue
Dem Gaudí säin Haus vun 1906 - 1926
Iwwerbléck iwwer de Parc
Bänk op der Terass
Déi ënnescht Bréck

De Parc Güell läit am Distrikt Gràcia‎ zu Barcelona an ass e Wierk vum Antoni Gaudí.

Iwwer der Stad huet de Gaudí dëse speziellen no senge Virstellungen ugeluegte Park gebaut, deen 1984 vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltkulturierfschafte gesat gouf.

Et ass en innovativt Wierk vum Gaudí, dat vum Eusebi Güell an Optrag gi ginn ass. Et war eigentlech geduecht fir eng Siidlung unzeleeën.

Am Zentrum ass eng riseg Terass ugeluegt mat doresche Sailen, déi ursprénglech als Maartplaz geduecht war. Ënner dëser Terass bilden dës Sailen eng Hal. Op der Terass ass eng laanggeschwongen, schlangefërmeg Mauerbänk, déi wéi vill Wierker vum Gaudí no der Trencadiz-Method, eng speziell Collagetechnik mat Mosaiken aus Glas a Keramik, entstanen ass.

Iwwerall fënnt een am Park och speziell Figuren, wéi den Draach Phyton bei den Trapen zum Beispill.

Am fréieren Haus vum Gaudí, deen do vun 1906 bis 1926 gewunnt huet, ass e Musée entstanen. Hei fënnt een original Wierker vum Gaudí. Dëst Haus gouf 1904 vum Francesc Berenger gebaut a gouf 1969 zum historeschen-artistesche Monument ernannt.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Rainer Zerbst: Antoni Gaudí,1852-1926, Antoni Gaudí i Cornet – ein Leben in der Architektur, Taschen GmbH, Köln, 2002, ISBN 3-8228-2169-1, S. 138 - S. 161
Commons: Parc Güell – Biller, Videoen oder Audiodateien