Antoni Gaudí
Den Antoni Plàcid Gaudí i Cornet, gebuer de 25. Juni 1852 zu Reus bei Tarragona a gestuerwen den 10. Juni 1926 zu Barcelona, war e katalaneschen Architekt an e Vertrieder vum katalanesche Modernismus.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Säi Liewen
Vun 1863 bis 1868 ass de Gaudí an d'Klouschterschoul Colegio de los Padres Escolapios zu Reus gaangen. Duerno huet hien um Instituto de Enseñanza Media studéiert an huet Virbereedungscourse fir Architektur op der wëssenschaftlecher Fakultéit vun der Universitéit Barcelona besicht.
Vun 1873 bis 1877 huet hien Architektur op der Escuela Provincial d'Arquitectura zu Barcelona studéiert an en huet niewebäi bei verschidden Architektebüroe geschafft, ënner anerem beim Francesc de Paula del Villar i Lozano, fir Suen ze verdéngen.
De 15. Mäerz 1878 krut hie säin Diplom als Architekt an huet duerno säin eegenen Architektebüro opgemaach.
Duerch eng intensiv Zesummenaarbecht mam Architekt Juan Martorell Montells koum de Gaudí an en enke Kontakt mat der neigotescher Architektur.
1883 huet de Gaudí, op Virschlag vum Juan Martorell Montells, d'Architekturaarbechte fir de Bau vun der Sagrada Familia vum Francesc de Paula del Villar i Lozano iwwerholl, dem Architekt vun der Diözes. Hien huet 43 Joer laang, bis zu sengem Doud, un deem Projet geschafft.
De 7. Juni 1926 gouf de Gaudí bei engem Spadséiergank vun engem Tram ugestouss, an ass dräi Deeg méi spéit an engem Spidol zu Barcelona gestuerwen.
[änneren] Iwwer de Gaudí
Säi Frënd a Mataarbechter Joaquín Torres García huet hien als "genialste vun allen Architekten" bezeechent.
[änneren] Seng Wierker
- Bellesguard, eng Villa zu Barcelona, 1900-1909
- Bëschofspalais Astorga, Léon, 1887-1893
- Wäikeller Guëll, Garaff bei Sitges, 1895-1901
- Casa Batlló, Barcelona, 1904-1906
- Casa Calvet, Barcelona, 1898-1899
- Casa de los Botines, Léon
- Casa El Capricho, Comillas bei Santander, 1883-1885
- Casa Milà, Barcelona, 1906-1912
- Casa Vicens, Barcelona, 1883-1888
- Colegio de las Teresianas, Barcelona, 1888-1889
- Finca Güell, Barcelona, 1884-1887
- Finca Miralles, Barcelona, 1901
- Kathedral Palma (Renovéierungsaarbechten), Palma de Mallorca, 1903-1914
- Krypta Colònia Güell, Santa Coloma de Cervelló, 1898-1917
- Palais Güell, Barcelona, 1886-1888
- Park Güell, Barcelona, 1900-1914
- Templo Expiatorio Sagrada Familia, Barcelona, 1883-1926
[änneren] Literatur zum Thema
- Rainer Zerbst: Antoni Gaudí,1852-1926, Antoni Gaudí i Cornet – ein Leben in der Architektur, Taschen GmbH, Köln, 2002, ISBN 3-8228-2169-1
- Aurora Quito, Cristina Montes: Antoni Gaudí. DuMont-Monte-Verlag, Köln, 2002. (de) (en)
[änneren] DVD
- Hiroshi Teshigahara: Antoni Gaudí, 1984, 72', op DVD an der The Criterion Collection , Mäerz 2008
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Antoni Gaudí – Biller, Videoen oder Audiodateien |