Wenzel II. vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wenzel II.
26. Februar 1361 – 16. August 1419
Die deutschen Kaiser Wenzel.jpg
Herzog vu Lëtzebuerg
Amtszäit 1383-1419
Virgänger Wenzel I.
Nofolger Sigismund
Papp Karel I.
Mamm Anna vu Schweidnitz


De Wenzel II. vu Lëtzebuerg ("de Lidderegen", och Wenzeslaus, tschechesch Václav; * 26. Februar 1361 zu Nürnberg; † 16. August 1419 op Buerg Wenzelstein, tschechesch Nový hrad u Kunratic, haut Stad Prag) war vu senger Kréinung als zweejäregem Bouf 1363 bis zu sengem Doud 1419 (als Wenzel IV.) Kinnek vu Béimen a vun 1376 bis zu senger Ofsetzung 1400 Kinnek vum Hellege Réimesche Räich. Vun 1373 bis 1378 war en och nach Kurfürst vu Brandenburg, a vun 1383 bis 1419 Herzog vu Lëtzebuerg. E war noenee mat der Johanna vu Bayern a mat der Sophie vu Bayern bestuet; déi zwéi Stéit waren ouni Kanner.

De Wenzel war den eelste Jong vum Keeser Karel I. aus deem sengem drëtte Bestietnes mat der Anna vu Schweidnitz. Vu Kand u war hien als Haaptierwe virgesinn; en hat just 2 Joer, wéi en zum Kinnek vu Béimen gekréint gouf. Nom Doud vu sengem Papp 1378, koum de Wenzel op den Troun vum Hellege Réimesche Räich.

Nom Doud vu sengem Monni Wenzel I., 1383, gouf en och, bis zu sengem Doud, Herzog vu Lëtzebuerg. De 26. Februar 1388 huet hien d'Herzogtum un de Jobst vu Mieren verpfänd. Nom Doud vum Jobst, 1411, huet hie probéiert, dat réckgängeg ze maachen, mä huet seng Muecht zu Lëtzebuerg schonn 1412 nees un den Antoine vun der Bourgogne ofginn, de Mann vu senger Niëss Elisabeth vu Görlitz.

De Wenzel gëtt allgemeng als Tockskapp, Paranoiker an Tyrann beschriwwen, dee fir Klengegkeete Leit hiriichte gelooss huet (kuckt den Artikel Bommenzinnes), sech et bei sou ongeféier jiddwerengem verduerwen huet mat deem en ze dinn hat, an dee sech soss deeglaang mat senge Muppen an engem Zëmmer agespaart huet. Vum diplomatesche Geschéck vu sengem Papp hat en net vill mat op de Wee kritt.

Do derbäi koum, datt e sech sou gutt wéi guer net ëm d'Räichsaffäre gekëmmert huet. Hien huet sech och net drëm beméit, sech vum Poopst zum Keeser kréinen ze loossen. Den 20. August 1400 haten d'Kurfürsten es genuch an hunn de Wenzel, als Lidderhanes, deen et net wierdeg ass, d'Räich ënner sech ze hunn, fir ofgesat erkläert.

Bis zu sengem Doud ass en awer béimesche Kinnek bliwwen. Mä och do war en net beléift. D'Hussiten, déi 1419 Prag eruerwert hunn, haten ënner anerem och dowéinst Succès domat, well vill Leit sech hinnen aus Antipathie géintiwwer dem Wenzel ugeschloss hunn. De Wenzel ass fortgelaf, mä kuerz drop gestuerwen.

Säi Brudder Sigismund, dee schonn 1410 däitsche Kinnek gi war, huet du seng Nofolleg als Kinnek vu Béimen ugetrueden.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Haag, Emile, 2011. Vencelas IV *1361 1419, le fils prodige, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 136-145.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Virgänger:
Wenzel I.
Herzog vu Lëtzebuerg
1383- 1419
Nofolger:
Sigismund
Virgänger:
Karel I.
Kinnek vun Däitschland
1378 - 1400
Nofolger:
Sigismund
Virgänger:
Karel I.
Kinnek vu Béimen
1363 - 1419
Nofolger:
Sigismund
Commons: Wenceslaus, King of the Romans – Biller, Videoen oder Audiodateien