Veianer Bildchen
D'Veianer Bildchen ass eng Madonnestatu an duerch Abstraktioun e Madonnepilgeruert bzw. eng Kapell bei Veianen.
D'Muttergotteskapell (fr: Chapelle Notre-Dame), wéi d'Bildchen-Kapell richteg heescht, gouf vun 1848 un no de Pläng[1] vum Staatsarchitekt Charles Arendt am neigotesche Stil gebaut. D'Kapell ass 7 m laang op 5 m breed.
Aus der Veianer Buergkapell staamt de goteschen Altor aus roudem Sandsteen, op deen en neigotesche Retabel gesat ass, wou d'Bildchen drop steet.
All Joer, de Sonnden nom 16. August, ass eng Wallfahrt bei d'Bildchen.
Inhaltsverzeechnes |
Urspronk vun der Pilgerplaz [änneren]
D'Bildche geet héchstwahrscheinlech op d'Beliewe vum Mariekult an de spuenesche Nidderlanden um Ufank vum 17. Joerhonnert zréck.
No dem Drëssegjärege Krich (1618-1648) an no de Peschtepidemië vu 1612, 1626 a 1632 koum d'Veréierung vun der Muttergottes esou richteg an de Gank an et sinn eng sëllegen nei Pilgeruerten entstanen.
D'Legend vum "Bildchen" dat an engem Bësch fonnt gouf, an ëmmer nees op d'Plaz wou et fonnt gouf, zréckgoung, erënnert staark un d'Statu, déi 1624 vu Studenten um Glacis fonnt, an an de Jesuitekolléisch bruecht gouf, awer ëmmer nees de Wee zréck op de Glacis fonnt huet.
Villes deit dorops hin, datt no de Peschtjoren d'Bildche vun der Muttergottes an enger mat Eisegittere geschützter Fielsspléck heich iwwer dem Ourdall um Bonzelsbierg opgestallt gouf. E schmuele Pad huet duerch déi géi Leeën dohigeféiert.
Weeër op d'Bildchen [änneren]
Koordinaten:
49° 56’ 42’’ N 06° 11’ 49’’ O
D'Weemarkéierunge bezéie sech op d'Wanderkaart "Fouhren - Hoscheid - Stolzembourg - Vianden" vum ESIMSO.
- Op der Strooss fir op d'Veianer Buerg zweigt e Wee lénkerhand an de Bësch of; d'Streck vun 1.200 m ass an 20 Minutten ze packen; Weemarkéierung: um Ufank "E", dono "A";
- vun der Staumauer aus: riets a Richtung Norden; Weemarkéierung "A";
- vun der Biwelser Millen aus: 150 m a Richtung 10. Maschinn vum Pompelspäicherwierk, dono riets an de Bësch erop, uewen um Wee no lénks; beim Stroummast riets op d'Bildchen erop; Weemarkéierung: um Ufank "M", dann "E";
- vum Niklosbierg erof: iwwer de lokale Wanderwee "M" a Richtung Veianen goen, bis een op de Wee "E" stéisst, deem een de Bierg erof bis bei d'Bildchen follegt.
Bibliographie [änneren]
- Bassing, Pierre, 1983. Das Bildchen und die Bildchenkapelle. In: Vianden in seinen Kirchen, Kapellen und sakralen Kunstschätzen - mit einem Anhang über die ehemaligen Viandener Goldschmiede und ihre Werke. Veiner Geschichtsfrënn Bd. 4:191-200. Sankt-Paulus-Druckerei, Luxemburg.
- Bassing, Théodore, 1911. - Das Gnadenbild unserer Lieben Frau vom "Bildchen" in der Wallfahrtskapelle im Walde Porbrêtchen bei Vianden. 18p., St. Paulus-Gesellschaft, Luxemburg.
- Bassing, Théodore, 1936. - Das Gnadenbild unserer Lieben Frau vom "Bildchen" in der Wallfahrtskapelle im Walde Porbrêtchen bei Vianden. 31p., Imprimerie Lorang, Vianden.
- Engling, Johann (Jean), 1861. Unsere Marienbäume - einst Sitz der Abgötterei und des Aberglaubens. Ein Beitrag zur Geschichte des Christentums im Luxemburger Lande. Publications de la section historique XVI, S. 96-118.
- Gredt, Nicolas, 1883. - Sagenschatz des Luxemburger Landes. Publications de la section historique de l'Institut grand-ducal, vol. XXXVI, 645 + XVII p. V. Bück, Luxemburg.
- Milmeister, Jean, 1968. Das Bildchen von Vianden. Revue Jg. 24(1968), Nr. 2: 72-74.
- Milmeister, Jean & René Feltes, 2002. Das Bildchen von Vianden. 4. Oplo., 27 S. Fabrique d'église, L-9410 Vianden.
Fotoalbum vun de 7 Statiounen beim Veianer Bildchen [änneren]
Dëse Statiounewee gouf 1897 vun de Bridder Mullendorf gestëft.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Veianer Bildchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Notten [änneren]
- ↑ Kuriositéit: D'Pieta-Kapell (Pieta Chapel) zu St. Donatus am Iowa (USA) ass 1885 vu lëtzebuergesche Siidler no dem Virbild vum Veianer Bildchen gebaut ginn.
|
|
|
| Lëtzebuerg: | Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léif'frächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen |
| Belsch : | Banneux - Beauraing |
| Frankräich : | Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine |
| International : | Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau |
| Pilgerplaze fir Sportler : | Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It) |